Zwou Schlaange goufen zu Wanseler bei Wolz entdeckt

© A.H. /Facebook
E Mëttwoch gouf d'Redaktioun vun engem RTL-User iwwert déi sozial Medie kontaktéiert, dat well direkt zwou Schlaangen am Norde vum Land entdeckt goufen.
Och wann et der méi zu Lëtzebuerg ginn, wéi een denkt, kënnt et dann awer relativ seele vir, dass een eng mat eegenen A gesäit. Schlaange spiere jo bekanntlech all Zort vu Vibratiounen an hale sech dohier éischter vum Mënsch ewech. Ma e Mëttwoch goufe Passanten op enger Vëlospist zu Wanseler, am Kanton Wolz, op direkt zwee vun de Reptilien opmierksam. Een Déier war leider schonn dout, ma dat zweet Déier war nach monter a konnt och fotograféiert ginn.
Mir hunn ënnert anerem beim nationalen Naturmusée nogefrot, ëm wat et sech bei dëser Schlaang handele géif? Hei war séier kloer, dass d'Déier op der Foto wuel zimmlech eendeiteg eng "Schlingnatter" (lat.: Coronella austriaca) ass, eng Schlaang, déi also zu der Famill vun den net-gëftegen Adderen (Natteren op Däitsch) gehéiert.

© Image Naturmusée/Roland Proess
Dës Schlaang ass charakteristesch fir hire relativ schlanke Kierperbau an dem liicht spatze Kapp. Uewen ass d'Déier gro, gro-brong, brong bis hin zu liicht roudelzeg gefierft, dat mat zwou bis véier Reien u schwaarze Punkten, déi um Enn vum Kierper ëmmer méi ondäitlech ginn.
A ganz wéinege Fäll kritt d'Déier eng maximal Längt vun 90 cm, éischter awer däitlech manner, wat also éischter kuerz ass fir eng Schlaang. D'Schlingnatter fënnt een iwwregens och dacks an Däitschland, wou se 2013 d'Reptil vum Joer war. Ma och soss fënnt een dës Zort a ganz Europa.

Dëst Exemplar gouf den 1. Mee 2025 zu Kënzeg an engem Gaart photograféiert. / © Guy Weydert
Schlingnatter ass dann och immens schwéier am Land nozeweisen, well dës Schlaang an de meeschte Fäll verstoppt lieft a sech wéi gesot vum Mënsch éischter ewechhält. Se dierft awer mëttlerweil genee sou heefeg zu Lëtzebuerg ze fanne sinn, wéi déi bei ville Leit méi bekannt Réngelnatter (op Lëtzebuergesch och nach Heckenéil, Onk oder Schéisserschlaang genannt). Ze fannen ass d'Schlingnatter virun allem a Gebidder am Süden a Südweste vum Land, an den Däll vun der Musel an der Ënnersauer, sou wéi an den Däll vu Clierf, Uewersauer an, wéi an deem hei Fall, ëm Wolz.

Weider Informatiounen zu dëser a weidere Schlaangen zu Lëtzebuerg gëtt et an dëser Publikatioun vum nationalen Naturmusée an op Ëmwelt.lu.