Eng 80 Muppe sinn aktuell am Stater Déierenasyl. Och knapp 40 Kazen. D'Situatioun ass net méi grad sou ugespaant wéi virun enger Zäit, mä et ass voll.

Déierenasyler si voll / Reportage: Carine Lemmer

An et sinn eleng eng 30 sougenannt "Lëschtenhënn" do, dacks Amstaffen, déi wann iwwerhaapt, nëmme schwéier ze vermëttele sinn. Doriwwer, ob dës Lëscht net e bësse "willkürlech" ass, ob een dat net anescht oder besser kéint reegelen, well et hannert der Grenz nees anescht ausgesäit, schwätze mir e Samschdeg an der Emissioun "Background am Gespréich" mat der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen.
 
Mir hunn awer och bei der Responsabel vum Stater Déierenasyl, dem Pascale Sax nogefrot, wéi d’Krittären iwwerhaapt sinn, fir e Mupp ze kréien.
 
Well dacks heescht et, wann ee schaffe geet oder kee Gaart huet, da kritt ee keen Hond. Dat stëmmt sou net, seet d’Pascale Sax:
 
"Nee, dat ass eigentlech net esou. Also, mir si jo frou, wa mir eis Déiere kënnen an Adoptioun ginn. Natierlech muss den Hond passen, well et däerf een ni vergiessen, dat sinn Déieren, déi schonn ee Liewen hate virdrun, wou mat Sécherheet net alles riicht gelaf ass an déi verschidden Naupen hunn. An da musse mir kucken, déi richteg Leit, fir se ze fannen. An oft kommen d'Leit eeben och bei eis a fannen den Hond ganz léif, mee si gesinn dann net, wat do nach hannendru stécht. Wa mir da soen, dat passt net bei Iech, da gëtt oft gesot: 'oh Dir wëllt jo guer net vermëttelen.' Dat ass guer net wouer."

Haaptkrittär ass, déi richteg Leit fir d’Hënn ze fannen, déi aktuell am Déierenasyl sinn. Da gëtt awer och dacks gesot, datt wann ee méi al ass, da kritt ee keen Hond. Dat stëmmt och net, betount d’Pascale Sax. Dat Gerücht gëtt et awer effektiv zanter Joren:
 
"Mir kréien et all Dag ëmmer nees gesot, kréien Telefonen, wou d'Leit froen: 'ech sinn elo iwwer 60, ass dat elo esou, kréien ech wierklech keen Hond méi bei iech?' Also ech muss soen, dat ass Quatsch, dat stëmmt wierklech guer net. Dat ass esou eng Meenung, déi hält sech an de Käpp vun de Leit scho säit Joren an iergendwéi kënnt do kee Changement. Mee dat ass guer net esou. Mir sinn souguer immens frou mat deene Leit, well dat sinn déi Leit, déi Zäit hunn, déi wierklech sech kënnen drop aloossen, och mol een Hond ze huelen, deen zum Beispill net kann eleng bleiwen, deen ni geléiert huet, eleng ze bleiwen."
 
Déi Leit hätten Zäit, et wäre souguer bal hir léifste Clienten, seet déi Responsabel vum Déierenasyl. Mä och hei misst natierlech den Hond passen. Een, deen net méi sou ganz sécher ass op de Been, dee kritt natierlech kee jonke Schéiferhond.

Eng 40 Muppe kënnen aktuell adoptéiert ginn aus dem Déierenasyl. Hir Fotoen a Portraite fënnt een op hirem Internetsite. Et muss ee sech awer wierklech bewosst sinn, datt ee genuch Zäit a Gedold muss fir d’Déier hunn.

Et feelt trotz allem u Plaz an den Déierenasyler. Am Norde gëtt et guer keen.

D'Ministesch Martine Hansen froe mir dofir e Samschdeg tëschent 12 an 13 Auer an eiser Emissioun "Background am Gespréich", ob sech dorunner eppes ännert.