Am däitschen Oberneuland hunn d'Pompjeeën e Sonndeg misse fir eng méi ongewéinlech Rettungsaktioun ausrécken.

E Päerd war an ee Gruef gefall a koum aus dem naasse Lach vum selwen net méi eraus. Géint 16 Auer war de Pompjeeën en '"Déier an Noutlag" gemellt ginn. Op der Plaz hu si d'Päerd am Gruef fonnt. D'Déier war um Enn vu senge Kräften. Fir et aus dem Waasser ze zéien huet en Déierendokter, dee scho virun de Pompjeeën op der Plaz war, d'Päerd misse déiden.

Wou d'Päerd bis berouegt war, konnten d'Secouristen d'Gurter an d'Schléng ronderëm d'Déier leeën. Ee Bauer war mat sengem Trakter op der Plaz, fir d'Päerd mat aller Virsiicht aus dem Waasser ze zéien. Vun do un hunn de Besëtzer an de Veterinär sech weider ëm dat onglécklecht Päerd gekëmmert.