Si hu missten hir Nues fir eng Woch an onzougängleche Gebidder, wéi zum Beispill Bëscher a Gewässer, asetzen.

D’Rettungshënn vum Grupp "GIS Cynotechnique CGDIS" goufe viru Kuerzem a spezielle Challengen trainéiert. Vum 12. bis den 18. Mee war de järleche Stage fir d’Membere vum Rettungsdéngscht vun der Hondsstaffel.

Si ware wärend enger Woch bëssen iwwerall zu Lëtzebuerg. Hir Sich hu si um Stauséi beim Waasser ugefaangen. Dann ass den Training an eidele Gebaier an a Bëscher am Oste weidergaangen. Fir et e bësse méi schwéier ze maachen, hunn d’Hënn missen hir Nuesen an de Kasematten an och eng Kéier an der Nuecht asetzen.

Fir ofzeschléissen, war eng gréisser Übung geplangt. An Zesummenaarbecht mat den Ekippe vum GIS GRIMP an dem CSL hunn d’Membere vum GIS Cynotechnique um alen Terrain vun der Arbed eng speziell Aufgab preparéiert. Do missten d’Rettungshënn Persounen, déi sech a schwéier zougänglechen Déiften an héije Gebaier verstoppt hunn, sichen an duerno retten.