Viru Kuerzem si véier Bëbee-Pinguinen am Parc Merveilleux op d’Welt komm. Wat bei Verschiddener fir Näid gesuergt huet.

Och Visiteueren am Parc Merveilleux ware live dobäi, wéi déi Kleng op d’Welt komm sinn. D’Zäit vum Bréien war am Gaange. D’Déierefleegerin Lara Steinbrunn erzielt, dass si bemierkt hunn, dass d’Pinguinen ongewéinlech laang op den Näschter loungen. An tatsächlech, kuerz drop, wieren déi éischt Jippelcher ausgaangen.

De ganze Prozess, also vun der Zäit wärend där gebréit gëtt bis dass et ausgewuessen Déiere sinn, ass de Pinguine selwer iwwerlooss. D’Eltere këmmere sech di ganzen Zäit ëm d’Entwécklung vun deene Klengen. Falls awer e Problem wier, géifen d’Spezialisten agräifen an eng Hand mat upaken .

Pinguin liewen a Gesellschaft

All Pinguin huet säi Partner an et kënnt net seelen zu Streidereien ënnert den Déieren. Zum Beispill hat eng Koppel en Ee geluecht, dat ass awer kuerz drop futti gaangen. Dës waren dann neidesch op di aner an hu sech mat deenen an d’Hoer kritt, soudass souguer e puer Bluttspueren hannerlooss goufen.

RTL

© Monique Theisen

Fir déi nei Pinguine wäert et awer kee Problem si, sech am Grupp z'integréieren. Liewe si am richtege Klima?
Wéi d’Fleegerin Lara seet, hunn d’Pinguinen domadder kee Problem, well se souwisou aus méi waarm Regioune kommen, wéi zum Beispill aus Südafrika. Si hunn hei also keng Aart aus der Antarktis.