Ronn 14 Millioune Beie waren u amerikanesch-kanadescher Grenz ausgebéchst
Am US-Bundesstaat Washington koum et e Samschdeg zu engem méi speziellen Accident, bei deem och aner Experten op d'Plaz hu misste geruff ginn.
E Camion hat e Freideg un der US-amerikanescher Grenz mat Kanada en Accident, bei deem seng Remorque ëmgekippt ass. Dobäi konnte ronn 31.750 Kilo Beien, eng 14 Milliounen Déieren, wéi Experte schätzen, ausbriechen. D'Autoritéiten hunn d'Streck nom Accident gespaart an d'Populatioun opgeruff, fir d'Plaz ze evitéieren.
Amplaz hat een Imker geruff, déi sollten hëllefen, d'Déieren nees anzefänken an nees mat hirer Kinnigin an hirem Vollek zesummenzeféieren. "Zil war et, fir esou vill Beien, wéi nëmme méiglech ze retten", huet et vum Whatcom County Sheriff geheescht. "De Plang ass et, datt d'Beien nees hir d'Vollek kënne fanne a mat hirer Kinnigin vereenegt ginn."
An enger éischter Meldung hat et nach geheescht, datt eng 250 Millioune Beien ausgebrach wieren, ma d'Imker, déi op d'Plaz geruff goufen, hunn éischter vu ronn 14 Milliounen Déiere geschwat.
Ufanks ass een och nach dovunner ausgaangen, datt d'Aarbechte bis zu 48 Stonne kéinten daueren, ma schonn am Laf vum Freideg nach huet de Büro vum Sheriff matgedeelt, datt ee wuel e Samschdeg de Moien d'Aarbechte kéint ofschléissen.