Gesetzesännerung fir e méi séieren Ofschoss accordéiert vun den EU-Länner

© Image Envato Symbolbild
Déi 27 EU-Länner hunn enger Gesetzesännerung, dass Wëllef méi séier kënnen ofgeschoss ginn, definitiv zougestëmmt.
En Donneschdeg de Moien huet de Rot vun de Memberstaaten eng entspriechend Propos vun der EU-Kommissioun duerchgewonk. D'Decisioun betrëfft eng méi einfach Juegd op Wëllef an Däitschland, déi no sëllege Verfaren just nach eng Formalitéit war.
Deemno gëllt de Wollef mat dëser Ännerung net méi als "streng geschützt". Den Erhalt vun der Aart soll awer weiderhi séchergestallt sinn. Et bedeit eben, dass d'Viraussetzunge fir en Ofschoss vu Wëllef an Zukunft däitlech méi einfach sollen erfëllt sinn. D'Déiere géifen net pauschal erschoss ginn, viséiert wiere villméi problematesch Wëllef. Bis ewell waren opwenneg DNA-Analysen néideg, fir en Ofschoss erlaabt ze kréien. Wéini d'Gesetz genee geännert gëtt, ass nach net gewosst.
Et bleift den eenzele Regierunge vun den EU-Länner weiderhin iwwerlooss, ob si de Schutzstatus vu Wëllef och an hirem Land erofsetzen. Bei eisen däitschen Noperen hat sech eng Majoritéit vun de Parteien fir e séieren Ofschoss ausgeschwat. Och aner Länner waren dofir, dass d'Ofschéisse vu Wëllef sollt méi einfach méiglech sinn, fir esou d'Véi op de Wisen ze schützen.
Probleemer, déi mam ëmmer méi grousse Bestand vu Wëllef opkommen, hunn deemno an der Haaptsaach Baueren. D'Dokumentations- und Beratungsstelle des Bundes zum Thema Wolf, kuerz DBBW, hat bis 2023 eng markant Hausse bei Notzdéieren, déi an Däitschland duerch Wëllef gerass oder blesséiert goufen, festgestallt. 5.727 Déiere koumen noweislech zu schued, de Groussdeel dovu Schof. An Däitschland gouf et dem Bundesamt für Naturschutz no 2023/2024 am Ganzen 209 confirméiert Wollefsruddele mat gutt 1.600 Déieren.