Int houng a Kamäin fest an huet sech aggressiv géintiwwer de Retter verhalen
Eng Int, déi an engem Kamäin zu Kiel festhoung, huet als éischt d'Police an dunn och nach d'Pompjeeën op de Plang geruff.
E Freideg de Moie war d'Déier wuel an engem "Irrflug", wéi d'Police aus der Stad a Schleswig-Holstein, an op eng nach net ganz gekläerte Manéier an de Kamäin vun engem Wunnhaus geroden.
Der Int huet hir Situatioun awer guer net gefall. Dowéinst huet si "ganz haart" op sech opmierksam gemaach. Ma wéi déi vun den Awunner alarméiert Poliziste si aus hirer mësslecher Situatioun befreie wollten, huet d'Déier d'Beamte mat engem Fauchen empfaangen.
Doropshin hunn d'Beamten decidéiert, fir d'Pompjeeën zur Hëllef ze ruffen. "Zesummen ass et den Ekippe gelongen, d'Int, déi richteg rose war, aus hirem opgezwongenen Doheem ze befreien", huet d'Police erkläert.
D'Déier koum dono fir eng Kontroll bei den Déierendokter.