D'Autoritéiten am Iran hunn a méi Stied d'Spadséieregoe mam Hond verbueden.

Ee Verbuet, datt et an der Haaptstad Teheran scho zanter e puer Joer gëtt, gouf Medien no e Sonndeg op eng 18 weider Stied ausgebaut. De Besëtz vun engem Hond ass zanter der islamescher Revolutioun 1979 am Iran e kontroverst Thema. Offiziell verbueden, ass et awer net.

Hënn gëllen der islamescher Traditioun no als "onreng" an hire Besëtz ass am Iran net wierklech vill verbreet. Reliéis Konservativer argumentéieren, datt d'Spillen an d'Spadséieregoe mam Hond an der Ëffentlechkeet "déi islamesch Kultur souwéi d'Hygiène an de Fridde vun anere" beschiedegt. Ausserdeem wiere se en Zeeche vun der westlecher Aart ze liewen.

Zu Teheran war schonn 2019 eng Veruerdnung a Kraaft getrueden, déi et verbitt, fir mam Hond spadséieren ze goen. Elo gouf dës wéi gesot ausgebaut. Dës Mesuren hunn als Zil, déi "ëffentlech Uerdnung oprecht z'erhalen, d'Sécherheet ze garantéieren an déi ëffentlech Gesondheet ze schützen", heescht et vun der staatlecher Zeitung "Iran".

An hirer Campagne géint d'Besëtzer vun Hënn hunn déi regional Autoritéiten am Iran ëmmer nees e Verbuet decidéiert, datt een Hënn net dierf an den ëffentleche Raum mathuelen oder, datt d'Déier net am Auto dierf transportéiert ginn. D'Duerchsetze vun dëse Limitatioune ginn awer seele konsequent ëmgesat. Vill Besëtzer vun Hënn ginn zum Beispill trotzt dem Verbuet weider mat hiren Déieren zu Teheran spadséieren.