Ass en Insektenhotel gutt oder schlecht?

© AFP
Gesinn Insektenhoteller just gutt aus oder droe se och eppes zum Aarteschutz bäi?
Se gesi flott aus a verspriechen Hëllef fir d'Wëllbeien & Co.: Insektenhoteller. Dës bestinn oft aus Äscht a Bambusréiercher a si geduecht fir de sëllegen Insektenaarten en Doheem ze bidden.
Mee bréngen Insektenhoteller wierklech eppes? A wa jo, fir wien? Mir hu mam Mr. Science geschwat, fir Äntwerten ze kréien.
Dem Expert no kënnen Insektenhoteller duerchaus e klenge Bäitrag zum Insekteschutz leeschten: "Et kënnt ganz dorop un, wéi se gebaut a wou se opgestallt ginn – a wat fir eng Insekten ee fërdere wëll. Et gëtt mëttlerweil vill Studien, déi weisen, datt Insektenhoteller net all den Insekten hëllefen, mee just ganz bestëmmten Aarten – virun allem Wëllbeien, déi solitär liewen, déi also eenzel an net ewéi Hunnegbeien als Vollek optrieden."
Och Harespelen, déi gären an Huelraim nisten, profitéiere vu sou Hoteller, seet de Mr. Science.
Déi grouss Majoritéit vun de knapp 350 heemesche Wëllbeienaarte baut hir Näschter awer net a bestoenden Huelraim ewéi Stiller oder Réiercher, mee grueft se selwer an de Buedem – dacks op sandegen, oppene Flächen.
An och bei Harespele benotzen nëmme bestëmmt Aarten ewéi Gruef- oder Leemharespele bestoend Huelraim. Insektenhoteller hëllefen also nëmmen engem zimmlech klengen Deel vun den heemeschen Insekten, duerfir wier et vill méi wichteg, fir alleguer den Aarten hir natierlech Liewensraim ze schützen, sou den Expert.
De Mr Science erkläert weider, dass och nach aner Insektenaarte sech a sou engem Hotel kenne wuelfillen, och wann dat net sou dacks de Fall ass: "Himmelsdéiercher, Goldaen an Ouereschlëffer zéien och mol an d'Insektenhoteller an, woubäi se awer an der Natur am allgemenge besser Stoppe fannen."
Och wann et Modeller ginn, déi kaum brauchbar sinn oder esouguer Parasitten unzéien, kann een d'Insektenhoteller net einfach als schlecht ofstempelen, seet de Mr. Science. Wat virun allem zielt wier, den ideale Standuert ze fannen: "Wann d'Hoteller gutt gebaut a richteg opgestallt sinn, kënne se vu Wëllbeie gutt ugeholl ginn."
Wichteg ass och, dass den Hotel an der Géigend vun heemesch Bléieplanzen ass, well vill Wëllbeienaarten "nëmmen e puer 100 Meter Fluchdistanzen tëschent hirer Pollequell an hirer Naschtplaz" zeréckleeën, erkläert den Dr. Alexander Weigand, Biolog a Curateur fir Zoologie am Musée national d’histoire naturelle (MNHN).
Wat e gudde Modell nach ausmécht, sou de Mr. Science, ass haart, dréchent Holz a sécher An- an Ausgäng. Dës verhënneren, dass Vulle liicht un d'Larven an d'Eeër vun den Insekte kommen.
Kuerz gesot: "Materialien ewéi Holzwoll, Dännenzappen, Zillen oder faarweg Dekoelementer gesinn zwar flott aus, bréngen den Déieren awer näischt."
Dem Mr. Science no gëllt et sech gutt z'informéieren, well esou eng Naschthëllef e "klenge, sënnvolle Bäitrag zum Naturschutz" ka sinn, wann et da richteg gemaach ass. Och de Mënsch kann awer dovunner léieren a profitéieren: "Wien en Insektenhotel opstellt, léiert vläicht nei, onbekannt Insektenaarte kennen. Esou gëtt ee séier selwer zum Fuerscher an entdeckt, wéi spannend dat ka sinn."