Päerd fënnt vermësste Fra erëm a kritt en Apel zur Belounung

De Casimir kritt een Apel als Belounung. / © Kreispolizeibehörde Borken
Zu Borken an Nordrhein-Westfalen ass en Donneschdeg eng Fra vu 70 Joer verschwonnen. Wéi de Fall ouni de "Casimir" ausgaange wier, ass schwéier ze soen.
Déi 70 Joer al Fra war en Donneschdeg am Nomëtteg aus engem Altersheem zu Borken erauspadséiert a konnt net méi erëmfonnt ginn. D'Fleegepersonal am Altersheem huet doropshin d'Police alarméiert, déi eng grouss Sichaktioun mat Helikopter a Sichhënn gestart huet - d'Gefor war grouss, datt d'Fra net vun eleng géif zeréck heem fannen. D'Situatioun war ausserdeem besonnesch dréngend, wëll d'Fra drop ugewisen ass, reegelméisseg hir Medikamenter ze huelen.
Trotz deene ganzen Efforte konnt déi eeler Fra och iwwer Nuecht net erëmfonnt ginn. Nach Freideg de Moien huet vun hir all Spuer gefeelt.
Glécklecherweis gouf et do nach de 17 Joer ale Wallach mam Numm "Casimir". D'Päerd stoung op der Wiss vun engem Reithaff zu Borken-Gemen, ma wou d'Besëtzerin komm ass, fir de Casimir ze fidderen, war e sichtlech opgereegt. D'Päerd stoung net am Eck vun der Wiss, wou e sech soss am léifsten ophält, ma war op där anerer Säit vun der Weed an ass do op an of gelaf. A senger Opreegung huet en seng Män gerëselt an haart geschnauft.
Déi 67 Joer al Besëtzerin huet direkt gemierkt, datt iergendeppes net an der Rei wier. Wou si nogekuckt huet, wat de Casimir dann esou géif opreegen, huet si déi eeler Fra fonnt, déi aus dem Altersheem verluergaange war. D'Madamm vu 70 Joer souz desorientéiert a liicht ënnerkillt am héije Gras, hire Rollator nieft sech.
Dem Casimir seng Besëtzerin huet d'Police geruff an d'Secouriste koumen, fir d'Fra medezinesch ze versuergen. Si gouf zur Kontroll an d'Spidol bruecht. D'Streck, déi déi 70 Joer al Fra zeréckgeluecht hat, war e gutt Stéck méi wäit, wéi d'Secouristen et sech erwaart gehat hätten.
Wéi d'Saach ouni de Casimir ausgaange wier - doriwwer kann ee just spekuléieren. Eent steet awer fest: fir säin Asaz huet d'Päerd sech d'Belounung a Form vun engem Apel méi wéi verdéngt.