Wann et an engem Zoo oder engem Déierepark zum Nowuess kënnt, ass dat ëmmer e gutt Zeechen. Dat heescht, dass d'Déiere sech wuel fillen.

Am Beetebuerger Park gouf et elo e puer mol schonn Nowuess. Iwwert dee sech awer am meeschte gefreet gouf, war dee bei den ibeeresche Wëllef, eng Wollefsaart, déi virum Ausstierwe steet.

Bis ewell waren déi Kleng nach net dacks ze gesinn am Park, ma mir haten awer exklusiv d'Méiglechkeet, op der Sich no hinne mat dobäi ze sinn. Dobäi weist hire Veterinär, den Dr. Guy Willems, eis, wat et nach alles vun Nowuess gouf an de leschte Méint respektiv Wochen.

De Park gëtt et schonn zanter dem 17. Mee 1956 an en empfänkt pro Joer iwwer 200.000 Visiteuren. Mat sengen iwwer 200 verschiddenen Déierenaarte vu 5 verschiddene Kontinente verzaubert de Park eis deemno schonn zanter 69 Joer.