En Donneschdeg goufen déi Leit, déi bei humanitären Hëllefsmissioune matgemaach hunn, op Schlass Bierg op eng Receptioun invitéiert.

Wéi d'Traditioun et wëll, invitéiert de Staatschef ëmmer kuerz virun de Feierdeeg déi Vertrieder vun der Lëtzebuerger Arméi a Police a säin Doheem, déi sech un humanitären Hëllefsmissioune wärend dem Joer bedeelegt hunn.

Op dësem Wee seet de Grand-Duc hinne Merci fir hiert Engagement.

Receptioun op Schlass Bierg
Virun de Feierdeeg huet de Grand-Duc deene Leit Merci gesot, déi sech humanitär an Hëllefsmissiounen engagéiert hunn.

Den Haff hat jo virun e puer Deeg stëmmungsvoll Fotoe verëffentlecht, déi weisen, dass ee sech op d'Feierdeeg preparéiert huet. D'Receptioun huet an deem Sënn wonnerbar an de Kader gepasst.