Donieft huet de Grand-Duc mam Marc Baltes a Gilio Fonck och déi éischt Membere vum Direktiounscomité vereedegt.

E Freideg de Moie gouf den Arrêté Grand-Ducal am Regierungsrot iwwert déi nei Struktur vun der Maison du Grand-Duc ugeholl. Nëmme Stonnen duerno goufen et ewell déi éischt Assermentatiounen.

Duerch d'Publikatioun vun 3 Nominatiounen am Mémorial ass dann och gewosst, wien dës Persounen sinn.Virop emol d'Yuriko Backes, déi als Maréchale de la Cour nominéiert gouf, ee Posten, dee Si am Juni vum Lucien Weiler iwwerholl hat, dee seng Pensioun geholl hat.

Déi fréier Diplomatin kritt méi Pouvoir, wéi hir Virgänger, a koordinéiert en Direktiounscomité, deen als "Maréchalat" wéi eng staatlech Verwaltung funktionéiert. Nei ass och, datt et e kloren an transparenten Organigramm bannent dem Haff gëtt.D'Koordinatioun tëscht dem Staatsministère an der groussherzoglecher Cour iwwerhëlt mat engem Comité e weideren neie Gremium.

Eng weider Nominatioun betrëfft de Marc Baltes, deen als Conseiller vum Grand-Duc genannt gouf. De fréieren Diplomat Marc Baltes war déi lescht 6 Joer iwwer ekonomesche Conseiller am Staatsministère.

Eng drëtt Ernennung war déi vum Personal-Direkter, dee och fir d'Verwaltung an d'Finanzen responsabel ass. Dëse Poste geet un de Gilio Fonck, deen zulescht an der Lëtzebuerger Representatioun vun der EU-Kommissioun geschafft huet.

Kritik un der Demarche vun der Regierung hat et iwwerdeem vun der Oppositioun ginn. Ënner anerem an der Emissioun Background hat et geheescht, datt de Staatsminister hei géif en Arrêté laanscht d'Chamber an de Staatsrot duerchboxen.

D'Struktur vun der Maison du Grand-Duc war am Waringo Rapport proposéiert ginn, dee virun 9 Méint public gemaach gouf, an op Mësselen an Inkoherenze bei der Gestioun vum Personal um Haff opmierksam gemaach hat.

Beim Depot vum Staatsbudget e Mëttwoch ass et dann och dee geneeën Chiffer, dee fir den Haff bestëmmt ass, deen devoiléiert gëtt. Dee Budget geet jo an d'Luucht. Et sollen och méi Leit fir d'Maison du Grand-Duc schaffen, amplaz aktuell 110 an Zukunft 142.