Dëse Samschdeg waren d'Martine Hansen, de Fernand Kartheiser, de Marc Baum an de Sven Clement eis Invitéë vun der Emissioun "Background am Gespréich".

"Grad elo wou d'Infektiounszuelen erëm an d'Luucht ginn, wier Zäit fir politesche Leadership, ma et schéngt datt de Xavier Bettel decidéiert huet, datt den Ament kee politesche Leadership néideg ass." Dat sot de Sven Clement vun de Piraten an der Emissioun Background am Gespréich, wou dëse Samschden d'Vertrieder vun der Oppositioun invitéiert waren. Och d'Vertrieder vun der CSV, der ADR an déi Lénk vermëssen e Leader.

De Marc Baum vun déi Lénk ass der Meenung, datt en Dënschden ee vun den decisiivsten Amenter fir de Xavier Bettel ass. Deen Dag ass jo den Etat de la nation an do géif ee gesinn ob de Xavier Bettel wierklech capabel ass eng politesch Ried ze halen oder net. D'Martine Hansen ass der Meenung, datt de Premier sech net vill muss ustrenge fir besser ze ginn, wéi en an de leschte Jore war.

Och d'Fraktiounscheffin vun der CSV huet bedauert, datt de Staatsminister sech senger Responsabilitéit géif entzéien.

D'Vertrieder vun der Oppositioun hunn iwwerhaapt besonnesch déi liberal Ministere kritiséiert.
D'Corinne Cahen, déi als Familljeministesch d'Verantwortung op d'Alters- a Fleegeheemer gedréckt hätt, de Claude Meisch, deen dat selwecht mat de Schoule gemaach hätt an d'Decisioun vum Mëttelstandsminister Lex Delles fir grouss Geschäfter wärend dem Lockdown opzeloossen a klenger zouzemaachen. kéint een och nach ëmmer net novollzéien. den Educatiounsminister hätt dat selwecht mat de Schoule gemaach.

Eng liberal "Laissez-faire-Politik" genee dat wat Lëtzebuerg a Krisenzäiten NET brauch - huet de Marc Baum betount.

De Premier Xavier Bettel gouf am Background am Gespréich net geschount. D'Invitéen, nämlech d'Vertrieder vun den Oppositiounsparteien an der Chamber, vermëssen de Leadership vum Premier, net nëmmen an der Coronakris, mä och an der Wirtschaftskris, déi elo riskéiert, sech ze manifestéieren, där vum Logement an där vun der Ëmwelt.

"Mir si keng Insel", esou huet de Pirat Sven Clement betount. Fir den eventuell héijen Neiinfektiounen elo am Hierscht an am Wanter Meeschter ze ginn, bréicht een e Premier, deen d'Richtung virgëtt. Duerno kann een demokratesch zesummen un enger Léisung schaffen, seet de Sven Clement, an do wéilten d'Pirate konstruktiv matschaffen.

"Eist Vertrauen an d'Regierung war nach ëmmer begrenzt", esou och d'Martine Hansen vun der CSV. Mam Deconfinement koum de Chaos, esou d'Fraktiounscheffin vun den Chrëschtlech-Sozialen.

D'Corona-Gesetzer wären net koherent a misste verbessert ginn. Méi streng, missten d'Reegelen net onbedéngt ginn, mä ebe méi koherent. An de Schoulen an am Bus hunn déi Jugendlech e Mask un, wann se zu vill beienee sinn, dobaussen an der Groussgaass zum Beispill dann net méi, huet d'Martine Hansen ze bedenke ginn.

Iwwerdeems misst en Aktiounsplang kommen, fir déi eeler a vulnerabel Leit ze protegéieren. Den Alters- a Fleegeheemer misst een déi néideg Moyene ginn an net all Responsabilitéit un d'Bedreiwer weider ginn, esou d'Martine Hansen.
D'Personal misst ee reegelméisseg testen.
"Ech vermëssen de Xavier Bettel net. Ech géif mer allerdéngs e richtege Premierminister wënschen", huet de Marc Baum vun déi Lénk mat engem clin d'oeil gesot. Elo bréichte mir Entscheedungen, déi eng Richtung virginn, huet de lénken Deputéierte mat Bléck op d'Ried zu der Lag vun der Natioun vum Premier en Dënschden betount.

"D'Land war guer net op esou eng Kris virbereet", sot de Fernand Kartheiser vun der ADR. Och hie vermësst e Leader. A fuerdert, dass d'Regierung sech a Verbindung mam däitsche Robert Koch Institut setzt. Den RKI hätt eng decisiv Roll iwwer d'Grenzen. An Däitschland ginn déi symptomatesch Leit getest, hei gëtt am Large Scale getest. Dat misst ee besser koordinéieren, dat wär d'Responsabilitéit vun der Regierung, esou de Fernand Kartheiser nach.

Background mat Vertrieder vun de 4 Oppositiounsparteien

Haff kann net iwwer Arrêté reforméiert ginn, seet d'Oppositioun

D'Reform vum groussherzoglechen Haff iwwer Arrêté grand-Ducal ze maachen, dat geet net!
Dat huet déi politesch Oppositioun de Mëtteg an der Emissioun Background am Gespréich ënnerstrach.

D'Martine Hansen vun der CSV seet et wier fir hier Partei en No Go wéi d'Regierung hei virgaangen ass a si freet sech ob se méiglecherweis Angscht huet virum Avis vum Staatsrot.
De Marc Baum vun déi Lénk huet drop higewisen, datt all d'Institutiounen déi mer als Rechtsstaat hunn, lénks leie gelooss ginn, wann et drëms geet eng Institutioun ze schafen, déi am Endeffekt, méi Personal brauch wéi déi ganz Chamber. Dat wier kee "klenge Muckefuck", mä eppes ganz Seriöes.

De Fernand Kartheiser vun der ADR kritiséiert donieft och, datt Schlësselpositioun um groussherzoglechen Haff duerch Vertrauensleit vum Premier besat ginn an de Sven Clement vun de Piraten huet ënnerstrach, datt d'Chamber net do ass, fir just iwwert déi Gesetzer ze diskutéieren iwwert déi d'Regierung Loscht huet ze diskutéieren.
Fir d'Piraten ass et kloer, datt deen do Debat an enger Demokratie an d'Chamber gehéiert a genee wéi d'Martine Hansen freet sech de Sven Clement op d'Regierung Angscht virum Debat huet an ob Blo, Rout, Gréng sech net sécher ass ob hier eegen Deputéiert d'Reform um Haff wëlle matdroen.

D'CSV huet op alle Fall annoncéiert z'iwwerpréiwen, wat se maache kann, fir deen Arrêté grand-ducal awer nach ze verhënneren oder ofzebremsen.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.