Dat hei sinn d'Gewënner vum Gault&Millau 2023

© RTL 5minutes
No 2019 ass de Kach Roberto Fani aus dem Réiser Restaurant fir déi zweete Kéier zum Kach vum Joer vum Gastronomie-Guide Gault&Millau nominéiert ginn.
De Restaurant vum Roberto Fani kritt am Guide eng Nott vu 17 op 20.
De gastronomesche Guide huet e Méindeg déi talentéiertste Käch vu Lëtzebuerg geéiert. De Gault&Millau ass dee meescht verkaafte gastronomesche Guide an de BeNeLux-Länner an dovunner gëtt et och eng Versioun, déi sech reng mam Grand-Duché beschäftegt.
Um Méinden den Owend war dunn de grousse Gala-Dinner, wou den neie Chef de l'année och direkt fir d'Invitéeë gekacht huet. Mir ware live op der Plaz an hu mam Roberto Fani iwwert säi Präis geschwat. A mir hunn zwou ukrainesch Patissiere kennegeléiert, déi elo no kuerzer Zäit, wou si zu Lëtzebuerg am Restaurant Ryodo agestallt sinn, scho mat engem Gault&Millau ausgezeechent goufen.
LINK: Weider Detailer bei eise Kolleege vun RTL 5minuttes
Hei fannt dir d'Gewënner am kuerze Video-Portrait.