Am Live! Planet People goung et dëse Freideg ëm InfluencerInnen an eng Koppel op Weltrees.

De Chris Baris huet et 2015 vun Diddeleng op Los Angeles gezunn a schafft elo als Influencer mat deene gréisste Marken zesummen. Bekannt gouf hien, wéi en 2012 mam F91 d'Coupe gewonnen huet. No der Schoul huet e sech missten entscheeden, fir en Job am Büro oder fir säin Dram ze liewen als Model an Influencer an Amerika. Haut schafft hie mat de gréisste Marken zesummen. Ënnert anerem ass hien een vun 200 Ambassadeuren vun enger grousser Sportsfirma, an huet e Kontrakt mat enger grousser Luxusautosmark. Als Agent bei enger Immobilienagence mat Luxushaiser verdéngt hie seng Suen, awer och als Sportagent versicht hien sech e gudden Numm ze maachen.

RTL

De Jean-Marc Souvignier a seng Fra hu sech e groussen Dram erfëllt a si weltwäit mat engem Mercedes Benz vun 1955 ënnerwee. Vun deem Gefier goufen tëscht 1954 an 1957 nëmme 1.400 Stéck gebaut. Déi Meescht stinn iergendwou an engem Musée oder enger Garage, awer de Jean-Marc a seng Fra wollte mat dësem Oldtimer eppes erliewen. Fir d'éischt goung d'Rees 2021 vu Lëtzebuerg duerch Däitschland an Norwegen bis un de Nordkap, duerno weider a Finnland, déi baltesch Staaten, Polen, Tschechien, Éisträich, Kroatien, Italien, Sardinien, Korsika, Frankräich an zréck op Lëtzebuerg. Pünktlech all 6.000km gëtt den Ueleg gewiesselt. Am Mee 2022 goung et a Kanada an d'USA an elo fir Abrëll steet en Tour vun Victoria am Kanada op Key West a Florida um Programm.

RTL

D'Yesmin Ben Hammouda ass Influencerin zu Dubai an ass am Dezember bannent 5 Deeg op 3 Bierger a Bolivien geklommen. Opgewuess ass d'Yesmin zu Lëtzebuerg. Haut schwätzt et 8 Sproochen an huet eng sozial Oder. D'Yesmin engagéiert sech op ville Pläng fir Fraen a Minoritéiten a setzt sech an fir elengerzéiend Mammen an hir Kanner aus der Ukrain. Mat engem Master als Life-Coach kann d'Yesmin Leit mat Hypnos bei hirem emotionelle Bagage hëllefen. Am Guinness-Buch steet d'Yesmin mat der "Mount Everest Fashion Runway Season 2". Am Mee 2022 goung et op de Kilimanjaro an am Dezember stoungen 3 Bierger a Bolivien um Menü, dorënner de "Sajama" mat enger Héicht vun 6.542m.

RTL