Mat selwer gebastelte Lampione sangend duerch d'Stroossen zéien - eng Lëtzebuerger Traditioun, op déi sech d'Kanner all Joer erëm freeën.
Et ass e Brauch, deen op d'Zäit viru Christus zréckgeet an trotzdeem lieft d'Traditioun vu Liichtmëssdag och 2023 weider. Eisen RTL-Reporter war een Dag viru Liichtmëssdag zu Nidderkuer an der Schoul Mathendal, wou d'Joffer an d'Kanner him erkläert hunn, wéi sech op de besonneschen Dag preparéiert gëtt.
Wéi fréier gi mat deene Klenge Lampione gebastelt an dat traditionellt Lidd "Léiwer Härgottsblieschen" geüübt. Do gëtt de Kanner dann och erkläert, datt ee fréier u Liichtmëssdag "Speck an Ierbessen" krut an net wéi haut Séissegkeeten. Iwwerdeems sinn et och haut nach dacks d'Schouljofferen a -meeschteren, déi mat de Kanner zesumme bei d'Haiser schelle ginn.
Fir d'Joffer zu Nidderkuer ass et eng wichteg Roll vun der Schoul, de Kanner déi al Traditiounen ze weisen a se esou um Liewen z'erhalen. Fir Net-Lëtzebuerger Kanner an Elteren, déi d'Traditioun dacks net kennen, gëtt en Informatiounsblat verdeelt, fir datt och si mat hire Kanner kënne liichte goen.
Iwwer 20 Kanner waren dann och zu Reckeng op der Mess mat hire Bengelcher um Tour. An der Noperschaft gouf geschellt a voller Freed gesongen.
An och haut freeë sech d'Kanner nach ëmmer grad esou vill op Liichtmëssdag wéi fréier... wann och vläicht nach e bësse méi, well Schockela, Bounen a Kamelle schmaachen de Kanner dann awer méi ewéi "Speck an Ierbessen".
Op Liichtmëssdag ass et dann awer och den Opruff un d'Automobilisten op d'Kanner, déi ënnerwee sinn, opzepassen.