Elo am Summer blécken eis RTL-Journalisten op dat lescht Joer zeréck a verroden eis, wéi ee Reportage hinnen am beschte gefall huet.

Fir d'Lea Schwartz war et eng Rees a Rumänien, déi hir am meeschten an Erënnerung bliwwen ass. De Reportage iwwert d'Stoossemuppen an déi Lëtzebuergesch Organisatiounen, déi am Land am Asaz sinn, war hiert Highlight vum Joer.

D'Lea Schwartz iwwert hire Choix: "Op den éischte Bléck ass et natierlech kee ganz schéint Thema. E Probleem, dee wäit fort ass, léif Déiere betrëfft, a wou ee vläicht esou direkt net weess, wat een dogéint maache kann. Mä fir mech ass et och eng Geschicht iwwer Mënsche mat vill Häerz, déi sech engagéieren, hir Fräizäit, a vläicht och déi eng oder aner Nerven afferen, fir sech fir d'Déieren anzesetzen.

Mä komm mir fänke mol um Ufank un. Et huet ugefaange mat engem Post op de soziale Reseaue vun enger Déiereschutzorganisatioun, déi vu katastrophalen Ëmstänn aus engem Asyl a Rumänien erzielt hunn. Déi meescht Hënn, déi aus dem Ausland op Lëtzebuerg kommen, kommen aus Rumänien. An déi meescht vun deene Muppen, déi haut vläicht zu Lëtzebuerg eng léif Famill an eng gemittlech Plaz an engem Kierfchen hunn, ware mol kuerz, mol méi laang, an esou engem Zwinger. 

Doropshin hu mir eis mat ganz vill Material, mat Go-Proen, enger Dron, enger Kamera, Mikroen a ganz ganz vill Ersazbatterien op de Wee gemaach a sinn d’Lëtzebuerger Organisatioune besiche gaangen. Wat mir do erlieft hunn, gesäit een am Reportage."

RTL

Wat huet dëse Reportage esou besonnesch gemaach?

D'Lea Schwartz: "Dat ass de Moment, wou ech dann och vun de gudder Aarbecht vu mengen Aarbechtskolleegen Arnaud Serexhe an Altti Nieminen wëll schwätzen.

Den Arnaud, deen esou schéi Momenter agefaangen huet, ni midd ginn ass, all déi Muppen ze filmen an dat alles ënner "onfaire" Bedingungen: Welpen, déi engem un d’Been sprange fir geheemelt ze ginn oder Kazen, déi engem op de Bockel klammen. Um Enn sinn iwwer sechs Stonne Filmmaterial zustane komm. D’Dronematerial an d’Go-Pro'en net matgezielt!

An duerch déi Stonnen a Stonnen u Material hunn ech mech zréck zu Lëtzebuerg mam Altti Nieminen, eisem Monteur, gewullt. Dat ganzt war och bëssen ënner Zäitdrock, wëll eng Woch drop ass de Reportage scho gelaf.

Ech mengen, dass een e gudden Abléck an d'Aarbecht an d'Passioun vun den Organisatiounen op der Plaz kritt. Zum Deel maachen een déi Biller an déi Eenzelschicksaler traureg. Ech muss awer och soen, dass et mech frou gemaach huet ze gesinn, wéi engagéiert verschidde Leit sech asetzen, a probéieren, hiert bescht ze maachen. An dat zu Lëtzebuerg an a Rumänien."

De ganzen Artikel fannt Dir hei. De Video kënnt Dir Iech hei ukucken: