Elo am Summer blécken eis RTL-Journalisten op dat lescht Joer zeréck a verroden eis, wéi ee Reportage hinnen am beschte gefall huet.

Dem Rosa Clemente säin Highlight ass ee Reportage, am deem si d'Problematik ronderëm d'Drogesucht zu Lëtzebuerg thematiséiert huet.

D'Rosa Clemente iwwert hire Choix: "D'Leit gesinn de Misär vun Drogesüchtege Leit am léifsten net  - wuertwiertlech - ech denken, immens vill evitéieren zum Beispill laanscht den Abrigado ze fueren. A mengen Ae ginn drogesüchteg Leit vun der Ëffentlechkeet ze dacks als kriminell, als "Ofschaum", als  "selwer Schold" an einfach als "manner wäert" ofgestempelt. An soumat huele mir hinnen hir Dignitéit als Mënsch ewech. An dat fannen ech schlëmm. Et si Mënsche mat engem seriöe gesondheetleche Problem. Eng Sucht ass eng Krankheet. 

An an der Reegel huet d'Sucht net einfach "als simpele Choix" ugefaangen. Et stiechen dacks komplex oder esouguer tragesch Liewensgeschichten dohannert. A Schicksalsschléi mat schwéiere Konsequenze kënne jiddereen treffen.

Dowéinst fannen ech, muss d'Ëffentlechkeet vill méi empathesch ginn, Verständnis weisen. D'Geschichte vun dëse Leit kenneléieren, mat hinne schwätzen, verstoen, datt d'Affer an de meeschte Fäll sech selwer schlecht fille mat hirer Situatioun. Leider ass et schwéier, aus enger Drogesucht erauszekommen."

RTL

Wat huet dëse Reportage esou besonnesch gemaach?

"Mir war et wichteg, d'Thematik vun der Drogesucht aus engem aneren Angle ze weisen - dee vun de Fraen - also der Minoritéit an enger Grupp vu Minoritéiten. Dat, well den Abrigado eng ganz Aarbechtsgrupp ronderëm d'Fraen huet a well si am Drogemilieu dacks am vulnerabelste sinn. 

Ech sinn immens dankbar, datt sech d'Melanie an d'Tania sech bereet erkläert hunn, mir hir Geschichten ze zielen. Fir mech perséinlech war dee Reportage eng Beräicherung."

De ganzen Artikel fannt Dir hei. De Video kënnt Dir Iech hei ukucken:

"Et ass méi einfach sech ze prostituéieren, wéi ze heeschen"
Zwou betraffe Fraen erziele wéi et ass, zu Lëtzebuerg an d'Drogen-Sucht ze rutschen.