Drauwen- a Wäifest zu Gréiwemaacher

© Miss Turner
Nächste Weekend steet Maacher nees ganz am Zeeche vum Wäin, well dann ass et hei un der 73. Editioun vum Drauwen- a Wäifest.
Den Optakt mécht e Freideg den Owend d'Kréinung vun der Wäikinnigin, dem Loredana Belli, dat an der Sportshal an dat ass zum Deel op Invitatioun:
"Et ass awer och op Reservatioun, well et ass just limitéiert Plaz an der Hal, dat heescht, wann ee wéilt op der Kréinung live dobäi sinn an der Hal selwer, da muss ee sech eng Plaz reservéieren."
Alternativ kann een d'Kréinung awer och op der Maartplaz am Public Viewing op groussem Ecran gesinn an do vun den zuelräiche Museksgruppe profitéieren, déi déi Deeg zu Maacher optrieden.
"Mir hunn zuelräich Show Bands déi kommen, och verschiddener déi all Joer erëmkommen, mir hu "Van Toete Noch Blaoze", mir hunn d'Roepoepers, déi gehéieren zum Maacher Wäifest wéi d'Kinnigin och, an eng ganz Rëtsch u Showbands vu Maacher, vun ausserhalb Lëtzebuerg. Déi sinn och verstreet a Maacher, dat heescht et ass op all Eck Musek, Entertainement, d'Leit sinn normalerweis och ëmmer gutt drop."
Natierlech wier sou en Drauwen- a Wäifest näischt ouni Wäin an däers kritt een nächste Weekend do op all Eck:
"Vun all Zort, déi ee gären hätt, d'Cuvée de la Reine ass natierlech och um Programm vun eisen zwou Kellereien zu Maacher, also d'Vinsmoselle a Bernard Massard."
E Samschdeg gëtt vu 15 Auer nomëttes an de Stroosse vu Maacher gefeiert. Sonndes ass et dann éischter e Familljendag mat ënnert anerem engem Ëmzuch, deen ee sech net entgoe loosse sollt. Mam Auto op Maacher ze kommen, ass vläicht keng sou gutt Iddi, well d'Uertschaft zu engem Deel carrement gespaart ass.
"Et gëtt awer Navetten, déi fueren, de Programm ass och komplett online gesat ginn. Dat kann een alles nosichen, mir hunn och Flyeren, déi iwwerall verdeelt gi sinn an der Ëmgéigend vu Maacher an do steet normalerweis och alles drop. Dat heescht et kënnt ee gutt op Maacher an et kënnt een och gutt nees heem."
Wann Dir wëllt live bei der Kréinung vun der Wäikinnigin e Freideg den Owend dobäi sinn, da kënnt Dir Är Plaz, sou laang der nach do sinn, per Mail op info@waifest.lu maachen. Tickete fir déi 3 Deeg ginn et online sou wéi och op der Plaz selwer.
All d'Informatiounen sou wéi de ganze Programm vun deenen 3 Deeg fannt Dir hei.
All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:
Den Tipp vun e Méindeg:Sudstroum Escher Kulturlaf
Den Tipp vun en Dënschdeg:Erzielwanderung zu Lëlz: Natur, Skulpturen a Geschichten
Den Tipp vun e Mëttwoch:Kino beim Schlass zu Suessem
Den Tipp vun en Donneschdeg:Maart a Musek zu Wolz
Den Tipp vun e Freideg:"En Dag bei der Baach" zu Stengefort
Den Tipp vun e Samschdeg:Stackelser Intefest zu Ettelbréck