De Hugh Jackman a seng Fra Deborra-Lee Furness gi gescheet

An engem gemeinsame Schreiwes un de People-Magazin hu si matgedeelt, dass si sech géifen trennen, fir dass jiddereen eenzel sech weider entwéckele kéint.
1995 hate si sech um Set vun der australescher Serie "Corelli" kennegeléiert. Dass d'Deborra-Lee 13 Joer méi al ass wéi de Hugh Jackman, huet hien eegenen Aussoen no ni gestéiert. Et war Léift op den éischte Bléck a schonn 1 Joer nodeems se sech kennegeléiert hunn, goufe se bestuet. Dem Jackman säi Geheimnis fir e gutt Bestietnis wier eegenen Aussoen no, dass seng Reegel fir Romantik Iwwerraschung wier. En hätt seng Famill dann och ni méi laang wéi zwou Wochen eleng gelooss, och wann e vill Stress hat bei verschiddenen Dréiaarbechte fir seng Hollywood-Blockbuster. E wollt sou vill wéi méiglech Zäit mat senger Fra an hiren zwee Kanner Oscar (23) an Ava (18) verbréngen.
D'Trennung, déi dach zimmlech iwwerraschend kënnt, soll ganz friddlech iwwert d'Bün goen. Dat ënnersträiche se och am gemeinsame Schreiwes. Weider Detailer, wisou et zu der Trennung kënnt, ginn awer net genannt.
