"Mat alle Sënner genéissen"
De Rendez-vous fir dëse Sonndesinterview war zu Esch am Ellergronn.
An dësem Naturreservat, net wäit ewech vun der franséischer Grenz, gëtt et e klenge Restaurant. Hei schafft den Donald Amegnignon zanter mëttlerweil dräi Joer als Kach. No engem Testkache gouf de 37 Joer ale Mann engagéiert.
Vum Togo iwwer d'Belsch op Lëtzebuerg
Gebuer ass den Donald am Togo. Dëst Land a Westafrika zielt ronn 8 Milliounen Awunner. De jonke Mann huet nach véier Bridder. "Eis Mamm huet eis deemools mat eisem Papp eleng gelooss. Mir waren nach ganz jonk. Eise Papp ass dunn och fréi gestuerwen a mir waren ouni Elteren", sou den Donald am RTL-Interview. "Duerno hate mir vill Probleemer", sou erzielt den Donald weider. "Logement an Iesse waren eis Haaptsuergen. Eis Mamm huet eis zwar reegelméisseg Sue geschéckt. Dat eleng goung awer net duer fir ze liewen."
Den Donald huet kache geléiert. Néng Joer hat hien deemools. No senger Léier als Kach, déi hien a sengem Heemechtsland ofgeschloss huet, huet de jonke Mann decidéiert, dem Togo de Réck ze dréien. Hien ass bei seng Mamm an d'Belsch wunne gaangen. Hei huet hien iwwer eng Bekannten seng haiteg Fra, d'Magali, kennegeléiert. Si ass Lëtzebuergerin. Deemools hat den Donald 27 Joer.
Aus DONALD gëtt DONA
De 15. Juli koum den Donald am Togo op d'Welt. Allerdéngs gouf säi Virnumm, dee seng Elteren erausgesicht hunn, net akzeptéiert. Hie wier ze vill amerikanesch, huet et geheescht. Aus "Donald" gouf deen Ament "Dona".
"De Client ësst mat de Aen"
Wann een dem Donald an der Kichen nokuckt, fänkt de Mo u mat Grommelen. De Kach weess, dass et wichteg ass, d'Platen esou ze preparéieren, dass de Client Loscht kritt z'iessen. "Faarf op den Teller bréngen, ass de A an de O vun engem gudde Kach", seet den Donald an eisem Gespréich.
Mat deene verschiddenste Faarwe schafft de geléierte Kach, fir seng Clienten zefridden ze stellen. "E faarwegen Teller schwätzt de Client un. Hie gëtt virwëtzeg a freet sech op säin Iessen." Dem Donald seng Ae glënnere vu Freed, wéi hie mir dat erzielt. "Mat de Faarwe spillen an d'Platen dekoréieren", ass dem Donald säi Motto.
Saisonal kachen a mat de Clientë schwätzen
D'Menüskaart vum Restaurant am Ellergronn zu Esch ass international. Déi franséisch a Lëtzebuerger Kichen dominéieren. Gekacht gëtt mat saisonale Produiten. "Éischtens gëtt dat méi bëlleg ewéi Geméis an Uebst z'importéieren. Ausserdeem schafft et sech besser mat saisonale, freche Produiten", sou argumentéiert de Kach. Dofir gëtt och reegelméisseg d'Kaart der Saison no ugepasst.
Mat vill Freed a grousser Passioun schafft de gebiertegen Togoles a senger Kichen. Keng Stonn ass him ze fréi, keng ze spéit fir d'Clienten zefridden ze stellen. "Wat soen d'Clienten", huet hien am Ufank säi Patron ëmmer gefrot. Den Donald wollt wëssen, ob si mat sengem Kachen zefridde wieren. Doropshin ass d'Iddi entstanen, nodeems all Client zerwéiert ass, bei Dëscher ze goen an d'Clienten no hirer Meenung ze froen.
"Den Theo gesinn ech net dacks"
Mat senger Fra Magali huet den Donald e klenge Bouf. Theo heescht de Jong. De 25. Mäerz huet hien 2 Joer kritt. Duerch d'Aarbechtszäite vum jonke Papp gesäit den Donald säi Fils net dacks. Owes quasi ni. "Ech si frou mat mengem Jong an awer deet et mir déck, dass ech hien owes kaum gesinn", sou den Donald Amegnignon am RTL-Interview.
Den Donald huet säi Beruff iwwer alles gären. Fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien, huet de jonke Mann och mat Lëtzebuergesch-Coursen ugefaangen. Ausserdeem schwätzt hie reegelméisseg Lëtzebuergesch mat sengem Hëllefskach, dem Grégory Kamenzew.