Dëse Weekend war um Geesseknäppchen déi 10. Editioun vun der Luxcon, wou sech alles ëm Theme Science-Fiction, Fantasy an Horror dréint.

Manga-Cosplayer, Star Wars-Fans, Ghostbusters-Clibb, all d'Genrë sinn dëse Weekend mat dobäi. D'Organisateure ginn dovunner aus, datt aktuell eng 300-400 Leit hei am Land zur Communautéit gehéieren. Eng Communautéit, déi iwwert d'Joren och ëmmer méi grouss ginn ass, seet de Gérard Kraus, Organisateur vun der Science Fiction & Fantasy Society. Mat dobäi war och déi brittesch Schauspillerin Samantha Alleyne. Si huet a fënnef Star-Wars-Filmer matgespillt. "Ech war deen éischte weibleche Stormtrooper bei Star Wars. Ech hunn 2014 an der Episode 7 - The Force Awakens matgespillt. De Regisseur J.J. Abrams huet sech beim Tournage gefrot, firwat et keng Stormtrooperinne gëtt. Ech hat eng aner kleng Roll an ech hu vun der Gréisst hier gepasst... an esou gouf ech als éischt Fra gefrot, fir e Stormtrooper ze spillen", erzielt d'Samantha Alleyne.

Och fir d'Collectioneure ware vill interessant Stänn dobäi, op deene Gadgeten a Sammlerstécker ugebuede goufen. Donieft stoungen och Concoursen, Workshoppen an Auktiounen um Programm.