Schäiner mam Bild vum Kinnek Charles III. a Groussbritannien am Ëmlaf

© AFP
Zanter e Mëttwoch sinn a Groussbritannien fuschnei Geldschäiner am Ëmlaf, mam Portrait vum neie brittesche Kinnek.
Op de Schäiner vu 5, 10 an 20 Pond ass de Kinnek Charles II. ze gesinn, déi u sech awer onverännert bleiwen, sou d'Bank of England. Déi nei Schäiner sollen dann och eréischt no an no mat den ale mam Portrait vun der verstuerwener Queen Elizabeth II. ersat ginn, se ginn nämlech och eréischt no an no gedréckt. An anere Wierder, déi "ofgenotzte" Schäiner ginn aus dem Verkéier gezunn an ersat, esou bleiwen dann och déi "ökologesch wéi och finanziell Auswierkunge" beim Wiessel méi kleng.
Wien awer lo extra ongedëlleg ass an net waarde kann, bis en "zoufälleg" en neie Schäi mam King Charles III. drop kritt, ka se och iwwer d'Bank of England auswiesselen. Den Héchstbetrag läit do bei 300 Pond pro Persoun.
Mënz mam Portrait vum brittesche Kinnek ginn et schonn zanter Dezember 2022. Déi koume 4 Méint nom Doud vun der Queen an den Ëmlaf.