Virun engem Joer, den 3. Oktober 2025, huet de Groussherzog Guillaume virun der Chamber säin Eed ofgeluecht an huet domat offiziell säin Amt ugetrueden. A senger Ried fir den Trounwiessel hat hie sech zu politescher Neutralitéit, dem Schutz vun demokrateschen Institutiounen an der Stäerkung vun der gesellschaftlecher Solidaritéit verflicht.
Déi feierlech Tournée duerch Gréiwemaacher, Wolz, Stengefort an Diddeleng de 4. Oktober wier en éischten Effort gewiescht, fir den direkte Kontakt mat de Lëtzebuerger ze sichen, grad ewéi d'Joyeuses Entrées zu Esch, Ëlwen an Éinen. Hei hätten de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse sech mat Awunner vun alle Generatiounen austausche kënnen, esou den Haff a sengem Communiqué. 2027 geet et da weider mat de Joyeuses Entrées den 11. Juni zu Miersch an den 9. Juli zu Biekerech.
Joyeuse Entrée vun der groussherzoglecher Koppel zu Esch-Uelzecht (24.4.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
2. Joyeuse Entrée nom Trounwiessel (10.7.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Fokus op d'Jugend a sozialen Engagement
Schonn a senger Ried fir den Trounwiessel hat de Groussherzog betount, ewéi wichteg d'Jugend wier. Ënnert anerem huet hien a sengem éischte Joer am Amt Membere vum Jugendparlament am Palais fir Gespréicher iwwer sozial Kohäsioun an Demokratie empfaangen, huet Jugendlecher aus dem ukrainesche Butscha begréisst a gouf am Mee 2026 zum Éierepresident vun der World Scout Foundation ernannt.
Iwwerreechung vum Mérite Jeunesse a Presenz vum Grand-Duc Guillaume (11.3.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
An deem Sënn huet den Haff ënnert dem Grand-Duc Guillaume och decidéiert, fir déi bekannt Garden Partyen am Schlass zu Bierg ëmmer ënnert e Schwéierpunkt ze stellen. Esou haten och déi Jonk dëst Joer d'Chance, en Owend am Gaart vum Schlass ze verbréngen. Dat zesumme mat den traditionelle Vertrieder aus der Gesellschaft, déi all Joer invitéiert ginn.
Och de Benevolat stoung am Fokus vun der groussherzoglecher Koppel. Nieft der Éierung vu Fleegepersonal a Secouristen, hat sech d'Koppel perséinlech bei Aktioune wéi dem Relais pour la Vie an dem Télévie engagéiert. Donieft ënnerstëtze si Hëllefsoffere wéi d'Vollekskichen an d'Stëmm vun der Strooss, bei deene si bei der Chrëschtfeier dobäi waren.
Chrëschtfeier bei der "Stëmm vun der Strooss" (18.12.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Ënnerstëtzung fir Entreprisen a Representatioun am Ausland
Wéi och schonn a senger Roll als Ierfgroussherzog huet de Grand-Duc Guillaume a sengem éischte Joer sëllegen Entreprisen am Grand-Duché besicht. Donieft huet hie sech am Ausland fir Lëtzebuerg als Wirtschaftsplaz agesat. Zu New York hat hien dann am Abrëll dëst Joer d'Éier de "Luxembourg American Business Award" z'iwwerreechen.
Xavier Bettel, Vice-Premier ministre, ministre des Affaires étrangères et du Commerce extérieur, ministre de la Coopération et de l'Action humanitaire © MAE
(de g. à dr.) Luc Decker, consul général, directeur exécutif ; Gilles Roth, ministre des Finances ; S.A.R. le Grand-Duc ; Fernand Lamesch, commandeur de l’ordre de mérite civil et militaire d’Adolphe de Nassau ; Xavier Bettel, Vice-Premier ministre, ministre des Affaires étrangères et du Commerce extérieur, ministre de la Coopération et de l'Action humanitaire ; Nicole Bintner, ambassatrice du Luxembourg à Washington © MAE
(de g. à dr.) Gilles Roth, ministre des Finances ; S.A.R. le Grand-Duc ; Leonard Levie, officier de l’ordre du mérite ; Xavier Bettel, Vice-Premier ministre, ministre des Affaires étrangères et du Commerce extérieur, ministre de la Coopération et de l'Action humanitaire © MAE
(de g. à dr.) S.A.R. le Grand-Duc ; Xavier Bettel, Vice-Premier ministre, ministre des Affaires étrangères et du Commerce extérieur, ministre de la Coopération et de l'Action humanitaire © MAE
(de g. à dr.) Xavier Bettel, Vice-Premierministre, ministre des Affaires étrangères et du Commerce extérieur, ministre de la Coopération et de l'Action humanitaire ; Gilles Roth, ministre des Finances © MAE
Grand-Duc Guillaume Xavier Bettel Gilles Roth Luxembourg-American Business Award Ceremony (16.4.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
International hunn de Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie eis an Nopeschlänner wéi der Belsch, Däitschland, Frankräich oder och Holland a Spuenien vertrueden. Rezent huet de Groussherzog dann och eng Ried virun der UN-Generalversammlung gehalen. Enn September huet d'Koppel dann nach mam finnesche President Stubb déi éischt offiziell Staatsvisitt empfaangen.
Grand-Duc Guillaume an Ausseminister Xavier Bettel op der UN-Generalversammlung zu New York (21.-23.9.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Dat ganzt Schreiwes vum Haff mat hirem Bilan fir ee Joer Grand-Duc Guillaume.
Visitten an Deplacementer an Zuelen:
Ee Joer Grand-Duc Guillaume a Fotoen:
Trounwiessel: Best-of groussherzoglech Koppel (3.-5.10.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Trounwiessel: Best-of vun de Prënze Charel a François (3.-5.10.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Éischt Garden Party am Schlass Bierg (25.6.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Grand-Duc Guillaume a Mobilitéitsministesch Backes op Visitt am Centre de formation pour Conducteurs (16.9.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Visitt vum Grand-Duc Guillaume um Festival des Migrations, des cultures et de la Citoyenneté @ Luxexpo (21.3.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Traditionell Neijoerschreceptioun am Palais (14.1.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Grand-Duc Guillaume op Visitt zu Gréiwemaacher (SIP, 4.10.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Grand-Duc Guillaume a Grande-Duchesse Stéphanie zu Madrid (6.3.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Groussherzoglech Koppel op Staatsvisitt zu Berlin (27.10.25)
No Bréissel ass et e Méindeg déi zweet Auslandsvisitt fir de Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie. Si sinn de Moien zu Berlin am Schlass Bellevue vum Bundespräsident Frank-Walter Steinmeier a senger Fra Elke Büdenbender empfaange ginn. Fir déi nei Groussherzoglech Koppel sti jo eng Rei sougenannte Visites de Courtoisie un.
Virum Schlass sinn déi Lëtzebuergesch an déi däitsch Hymne gespillt gi vun der Militärmusek. Et gouf och eng Revue vun den Truppen an d'Virstellung vun den Delegatiounen. Déi Lëtzebuergesch gëtt, wéi och zu Bréissel, vum Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel ugefouert. Et sinn och offiziell Fotoe gemaach ginn. An da goung et och an d'Schlass eran fir Entrevuen.
Duerno goung et fir déi groussherzoglech Koppel an d'Delegatioun mat engem Cortège duerch Berlin bis an d'Residenz vun der Lëtzebuerger Ambassadrice, der Sylvie Lucas.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Nei Lëtzebuerger Euro-Mënz: Grand-Duc Guillaume op Visitt zu Bordeaux (7.7.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.