Zanter 2002 publizéiert de brittesche Restaurant Magazine all Joers Ugangs Juni seng Lëscht vun de 50 beschte Restauranten op der Welt.

E Mëttwoch den Owend ass dann d'Lëscht fir d'Joer 2024 erauskomm.

Ugefouert gëtt dës vum "Disfrutar" zu Barcelona, wou een als Gaascht de Choix tëscht zwee Menüe vu jeeweils 30 Gäng huet.

Aus Lëtzebuerger Siicht dierft ënner anerem déi drëtt Plaz vum Ranking interessant sinn. Den "Table by Bruno Verjus" ass zu Paräis a läit domadder vergläichsweis no um Grand-Duché.

Déi 10 beschte Restauranten op der Welt

1. Disfrutar zu Barcelona
2. Asador Etxebarri zu Atxondo
3. Table by Bruno Verjus zu Paräis
4. Diverxo zu Madrid
5. Maido zu Lima
6. Atomix zu New York
7. Quintonil  zu Mexiko-City
8. Alchemist zu Kopenhagen
9. Gaggan zu Bangkok
10. Don Julio Buenos Aires

Hei fannt Dir déi komplett Lëscht vun de 50. beschte Restauranten op der Welt.