
Dëst Joer am Juli ass e spezifescht Gesetz a Kraaft getrueden, dat d'Colocatiounen zu Lëtzebuerg reegelt. De Maître Jean-Jacques Schonckert huet am RTL-Interview betount, dass dës Reegelung néideg war: "Et ass am Fong méi aus Necessitéit, dass mer mussen zesumme liewen, amplaz dass mer wëllen zesumme liewen. Duerfir ass et am Fong do, fir do e legale Kader ze schafen, wou dann do net méi de Wildwesten herrscht". Hien erkläert, dass de Proprietär säin Haus oder Appartement un "plusieurs verschidde Locatairë" verloune kann, ënnert der Konditioun, dass d'Locatairen zesummen e "Pacte de Colocatioun" ënnerschreiwen, an deem d'Rechter a Flichte festgehale ginn.
Dëst neit Gesetz schreift vir, dass zwou Haaptkonditioune musse respektéiert ginn: Engersäits muss mat all Colocataire en eegenen, separate Kontrakt ofgeschloss ginn, anerersäits muss de Pacte de Colocatioun den nämmlechten Dag vun allen ënnerschriwwe ginn. "Do mussen déi zwou Konditioune sinn, wéi gesot, e separate Contrat de bail mat all Colocataire an d'Colocatairë ënnert sech dee selwechten Dag ënnerschreiwen an e Pacte de co-location, wou se hir Rechter an hir Flichten festhalen", huet de Maître präziséiert .
De Maîre Schonckert stellt kloer, datt vill Mënschen nach ëmmer d'Begrëffer vu Sous- a Colocatioune verwiesselen: "Dat ass e spezifesche Regimm. ... Et ass keng Sous-locatioun. Dat ass e ganz anere System". Hie geet drop an, dass d’Colocatiounen am Gesetz anescht behandelt ginn: "Bei der Co-Locatioun, do mussen zwou Konditiounen, ee Proprietär, dee verlount säi Gebai u verschidde Leit, mindestens zwee Leit, an déi maachen e Régime de co-location an déi maachen dee selwechten Dag e Pacte de location".
Am Géigesaz zur Colocatioun ass d’Sous-locatioun vill manner gereegelt a bitt de Leit, déi ënnerverlounen, wéineg Schutz. "De Co-Locataire huet keng Garantien, dee ka vun haut op muer, kann deen am Fong gekënnegt kréien", seet de Maître . Hien betount och, dass am Fall vun enger Kënnegung eng dräi Méint laang Frist muss respektéiert ginn, mee dass an der Praxis oft Onsécherheeten an och Konflikter entstinn.
D’Gesetz gesäit fir, dass jidderee säin eegent Zëmmer huet, mee och gemeinsam Raim zur Verfügung stinn: "Eng vun de Reegelen ass, jiddwereen huet säin eegent Zëmmer an et muss awer och eng Pièce commune do sinn", erkläert de Maître. Dëst ass besonnesch wichteg, well bei der klassescher Sous-locatioun dacks just e Raum zur Verfügung steet an déi gemeinsam Raim feelen. Dat féiert dozou, dass d’Liewenssituatioun fir d’Sous-locatairen net ëmmer optimal ass. Duerch d’Gesetz gëtt elo och gereegelt, wéi d’Bezuelung tëscht de Colocatairen organiséiert gëtt: "Ech bezuelen de Loyer, du bezils esou vill Loyer, du muss goen dann an dann oder du kanns dann an da goen. Et gëtt gereegelt, wien d’Co-Locatioun muss bezuelen", sou de Maître. Dëst erlaabt méi Transparenz a Gerechtegkeet fir all Bedeelegt.
Zesummegefaasst erkläert de Maître Schonckert, dass d’Gesetz fir Colocatiounen en neie legale Kader bitt, deen d’Rechter an d'Flichte fir all Bedeelegt kloer definéiert an esou zur Bekämpfung vun Onsécherheeten an Onkloerheeten um Wunnmarché bäidréit.