Fir sech schonn emol op d'Olympesch Spiller anzestëmmen, déi Enn Juli zu Paräis lassginn, huet de Grand-Duc sech op de Réck vun engem Päerd getraut.

D'Maison du Grand-Duc huet an de Soziale Medie Fotoen a Videoe vun der Visitt am Reitstall zu Elweng gewisen, wou de Staatschef de Lëtzeburger Dressurreider Nicolas Wagner-Ehlinger a säi Päerd Quater Back Junior besicht huet.

Den Nicolas Wagner-Ehlinger war ënnert anerem scho bei den Olympesche Spiller zu Tokio derbäi, wou hien am individuellen Dressurreiden op déi 25. Plaz koum. Elo, 50 Deeg ier déi nächst Summerspiller zu Paräis lassginn, huet de qualifizéierte Reider dem Grand-Duc seng Preparatioune fir Paräis presentéiert.

De Grand-Duc huet sech dann och selwer op de Réck vun engem Päerd getraut an huet den Nicolas Wagner-Ehlinger a säi 15 Joer alen Hannoveraner fir e puer Tier begleet. De Grand-Duc wäert an zwee Méint och als Visiteur bei den Olympesche Spiller derbäi sinn, wéi den Haff confirméiert.

D'Reitstonn ass op Invitatioun vu L'Essentiel zustane komm. Och wann hien elo schonn 20 Joer net méi geridde wier, esou de Grand-Duc, wier et fir hie wéi Vëlofueren. "Dat verléiert een net."

De Victor Bettendorf, dee fir Lëtzebuerg als éischte Sprangreider bei den Olympesche Spiller hätt solle mat derbäi sinn, wäert iwwerdeems elo awer net op Paräis goe kënnen, wéi dës Woch bekannt gouf.