Wéi et vun US-Medien heescht, soll den 43 Joer alen Timberlake verhaft gi sinn, nodeems hien an alkoholiséiertem Zoustand Auto gefuer ass.

Wéi et vun US-Medien heescht, déi sech op d'Justiz beruffen, soll de Sänger schonn e Méindegowend op der New Yorker Insel Long Island festgeholl gi sinn. Nach dësen Dënschdeg muss hie sech deemno viru Geriicht veräntwerten.

Den Justin Timberlake ass den Ament op Tour. E Freideg soll hie säin nächste Concert spillen. Selwer huet hie sech zum Virfall bis ewell nach net geäussert.