Atelieren um Schlass Bierg: "Hei gëtt op déi traditionell Manéier geschafft"
De Mario an den Arnaud ginn eis een Abléck an de Beruff vum Schräiner a vum Tapissier, a loossen eis an hir Atelieren am Schlass Bierg luussen.
Vun der Kichen am Schlass Bierg, iwwer d'Lingerie, bis an d'Sëlwerkummer vum Palais. Mir kréien en exklusiven Abléck hannert d'Kulisse vun der Maison du Grand-Duc a léieren déi Leit kennen, déi fir d'groussherzoglech Famill schaffen.
Mario Dos Santos Mota, Schräiner

Dass hien enges Daags fir de Lëtzebuerger Staatschef géif schaffen, hätt de Mario ni am Liewe geduecht. Hie kënnt gebierteg aus Portugal, wou hien als Schräiner geschafft huet. Zu Lëtzebuerg war hien dunn Aarbechter op Chantieren, bis hien d'Méiglechkeet kritt huet, als Schräiner um Haff unzefänken. An do huet hie méi wéi genuch Aarbecht: alles wat Holz ass, ass säin Domaine. Hie fléckt al Schief, restauréiert antik Dëscher a baut och mol Konstruktiounen op Mooss. Esou huet hien am Palais och dofir gesuergt, dass d'Presse fir d'Poopst-Visitt déi beschtméiglech Vue hat, fir Fotoen ze maachen.
Arnaud Zerwes, Tapissier

"Wow!" - Dat denkt den Arnaud sech och nach no 6 Joer, wann hien op seng Aarbechtsplaz kënnt. Säin Atelier ass nämlech am Schlass Bierg. Och am Palais an zu Fëschbech ass hie reegelméisseg ënnerwee, wann hien zum Beispill Riddoe flécke geet. Dat ass just eng vu sengen Aufgaben als Tapissier. Den Arnaud polstert an iwwerzitt och Sëtzmiwwelen, mécht Fändelen a Bänner. Seng Passioun fir dëst Handwierk huet hie schonn als Kand entdeckt an doraus säi Beruff gemaach. Wat a sengem aktuellen Job déi gréissten Erausfuerderung fir hie war, gitt Dir am Reportage gewuer.