Deemnächst misst en Datum fir de Prozess vum Roberto Traversini annoncéiert ginn.

Et war eng politesch Karriär, déi ëmmer Biergop goung. An de Summerméint 2019 koum awer alles anescht! Et goufen éischt Reprochen un den Deputéierten an Déifferdenger Buergermeeschter Roberto Traversini.

Dem Politiker gouf virgeheit, 2019 e geierften Haus ouni Autorisatioun renovéiert ze hunn. D’Autorisatioun gouf nodréiglech ugefrot. Den Terrain, dee bis dohin net an enger Wunnzon louch, wollt hien ëmklasséiere loossen. Dem Gemengerot huet de fréiere Buergermeeschter awer net gesot, datt hien de Besëtzer vum Terrain wier. Awer och Aarbechten am Mäerz 2018 um faméise Gaardenhaische goufen ouni Autorisatioun a vum CIGL, wou de Roberto Traversini President war, duerchgefouert an hu fir vill Opreegung gesuergt. Pläng vum Haus, déi e Student op der Gemeng gezeechent huet, hunn d’Faass zum Iwwerlafe bruecht an de Roberto Traversini huet als Buergermeeschter den 20. September demissionéiert. E puer Wochen drop als dann och als Deputéierten.

Mëttlerweil sinn d’Ermëttlungen ofgeschloss. Wéini de Prozess ass, ass awer nach net bekannt. Uklopunkte sinn: Verontreiung vun ëffentlechen a private Gelder, Fälschung a prise illégale d’intérêts.

RTL

Am RTL-Interview, déi éischte Kéier, datt sech de Robert Traversini zanter den Affären ëffentlech zu Wuert mellt, geet de Papp vun zwee Kanner drop an, wéi schwéier déi ganz Zäit fir hie war. Hien hätt net alles richteg gemaach an et hätt verschidde Saachen anescht missen ugoen, ma et wier elo un de Geriichter ze tranchéieren. Den ëffentlechen Drock wier um Enn sou grouss ginn, datt hie keen anere Choix méi gehat hätt, wéi sämtlech Mandater néierzeleeën. Dee Moment hätt eng schwéier Zäit ugefaangen. Haut, 5 Joer duerno, géing et him lues awer sécher besser goen. Hien hätt en Trauma duerchlieft a war op professionell Hëllef ugewisen.

"Well ech eigentlech net méi wollt liewen! Et war e richtegen Trauma an ech sinn net méi iwwert Brécken a Garë gaangen, well en Deel am Kapp mir ganz komesch Saache gesot huet."

Mat der Famill a mat deene puer Kolleegen, déi nach bliwwe sinn, driwwer ze schwätzen, hätt him gehollef.

RTL

Am Moment denkt hien nach net un e Retour an d’Politik, och wann et awer eppes ass, wat hien och nach haut immens vill interesséiert. Zeréck bei déi Gréng géing de Roberto Traversini awer net goen, bei dëser Partei wier hien ze vill enttäuscht ginn. Hien hätt sech gewënscht, datt och mol ee vu senge Parteikolleege sech bei him gemellt hätt.

"Mënschlech sinn ech sou enttäuscht ginn, datt ech misst wäit siche goen, fir nach emol bei deene Grénge Politik ze maachen."

Datt déi Gréng duerch d’Gaardenhaischen-Affär vill Schued dovugedroen hunn, wier richteg, mee et wier dem Politiker no net just eng Saach, déi dofir gesuergt huet, datt se ënner anerem bei de leschte Chamberwalen 2023 sou schlecht ofgeschnidden hunn.

RTL

Viru 5 Joer huet de Roberto Traversini awer d’Decisioun geholl, net mat allem opzehalen. Haut ass hien nach President vun de Jugendhaiser a Club-Senioren zu Déifferdeng. Et géing gutt doen, awer nach e bëssen an der Gemeng engagéiert ze sinn. Am Summer 2023 ass hien och President vu Special Olympics ginn. Hei maache Leit mat enger Beanträchtegung Sport zesummen an triede géintenee un. Ufanks war hien Trainer an elo ass hien als President aktiv. A senger schwéierster Zäit am Liewen huet hie bei de Special Olympics viru méi wéi 4 Joer Réckhalt fonnt.

"Dat war fir mech eng Erléisung. Enzwousch hinzekommen, wou kee mech schif ugekuckt huet, sech Froe gestallt huet oder wou Mësstraue war."

Dem Roberto Traversini säi Gaardenhaus ass mëttlerweil am ganze Land bekannt, fir hie wier et och kee Problem, haut nach dohinnerzegoen. Mëttlerweil lieft am geierften Haus nieft dem Gaardenhaischen, eng afghanesch Flüchtlingsfamill mat hiren zwee Kanner.