Harun Mehanovic, Maïte Richert a Luca Patricola
Dës Woch dréit sech am LIVE! Planet People alles ronderëm Ultramarathon, Sport-Realityshowen a Kleeder mat südkoreaneschem Touch.
Wann den Harun Mehanovic en Ultramarathon leeft oder Hyrox mécht, suivéieren hie méi wéi 100.000 Follower op Instagram. Bis 2023 huet en och nach aktiv Fussball gespillt, mee 2024 huet hie sech op seng 2 Ultramarathone vun 100km konzentréiert an zanter hien den 'Hyrox' fir sech entdeckt huet, war hien am November och schonn op Hamburg fir seng éischt gréisser Competitioun. Den Harun hëlt säi Sport méi wéi seriö, dozou passt e ganz gereegelte Plang, sou dass hien nieft der Aarbecht an der Social Media Agency 2 Trainingen pro Dag mécht. Nach ass et ze fréi fir ze verroden, wat 2025 usteet, awer op www.instagram.com/harunathletics/ entgeet engem näischt.

D'Maïte Richert ass eng Lëtzebuergesch Influencerin an Athletin déi zu Marbella lieft, a war lo eent vun de Gesiichter vun 'Exatlon Germany' enger Sport- an Reality-Show op Sport 1. Et war dem Maïte eng Éier, als éischt Vertriederin vu Lëtzebuerg bei sou engem neien Format op der däitscher TV derbäi ze sinn. Mat iwwer 100.000 Follower op Instagram, 12.000 op Facebook an 41.000 op TikTok ass d'Maïté als Pro-Athletin am Bodybuilding an Hyrox-Athletin eng gefrote Perséinlechkeet, déi als Message vermëttele wëllt, dass Fitness a Gesondheet zwee wichteg Pilieren vun engem laange gléckleche Liewen sinn. www.instagram.com/maite_richert/

De Luca Patricola ass e Südkoreaner, deen zanter kuerzem seng eege Kleedermark huet a Collaboratioune mat bekannte Kënschtler mécht. Als Baby ass hien 2003 op Lëtzebuerg komm a schonn vu Jonkem un, wollt hien ëmmer eppes mat Kleeder maachen. Virun 10 Méint huet hie mat 'Daye Hyun' seng eegen Firma gegrënnt, wou hie modern 'Streetwear' mat engem südkoreaneschen Touch Poschen, Juppen a Boxen mécht. Ganz houfreg ass hien op d'Zesummenaarbecht mat Artisten aus Frankräich, dem Cap Vert, Portugal, Brasilien an England. Dat grousst Zil ass et elo seng Mark international bekannt ze maachen. www.instagram.com/dayehyun/
