Am Oktober war et jo d'Nouvelle, datt "La Distellerie" vu Buerglënster op de Findel plënnere wäert. De Restaurant huet lo ënnert neiem Numm opgemaach.

Dat am Hotel Airfield um Findel, wou e Mëttwoch déi éischt Clienten zerwéiert goufen. "Il y a toujours une petite appréhension quand on change de restaurant mais au final, on a beaucoup travaillé tout en restant relax. Peu importe où l'on va, celles et ceux qui aiment notre cuisine continueront de nous suivre", esou de René Mathieu.

E grousse Changement op der Kaart, par-Rapport zu deem, wat et am Schlass Buerglënster gouf, wäert et am "Fields" net ginn. Mat der Distillerie gouf de René Mathieu zweemol hannertenee vum Guide "We're Smart World" als weltwäit beschte Restaurant fir Geméis-Platen ausgezeechent a krut och e Michelin-Stär. Trotzdeem wier et Zäit fir eppes Neies gewiescht.

Liest déi komplett Story heizou bei de Kolleege vun RTL Infos.