Dës Woch dréit sech am LIVE! Planet People alles ronderëm Wanderen, Dauwefotoen an den LSC.

D'Marie Mathieu huet zesumme mam Sabrina Notka de Wanderguide 'Depart lass' fir Familljen zesummegestallt. 33 kannerliicht Tier, déi Loscht op e klengen Ausflug maache sollen. Fort geet et an der Stad, mee och aner Regiounen wéi d'Musel, de Mëllerdall, d'Éislek an d'Guttland si gutt couvréiert. De Guide erënnert un d'Billerbuch 'Wooow Luxemburg', sou dass een hei och déi beléift Figure Charlotte an d'Eil Monsieur Hibou erëmbegéint. Nieft prakteschen Informatiounen wéi der Längt vum Tour, Parkplazen oder Busarrêten, kann een eege Remarken festhalen a kritt Iddie geliwwert, wat een ënnerwee nach ënnerhuele kann. editionsguybinsfeld.lu/shop/depart-lass/

RTL

D'Luisa Maria Stagno ass frou mat Déieren an huet all Zorte vun Dauwen elo e Buch reservéiert. D'Léift zu den Déieren ass bei der Fotografin omnipresent an sou huet se sech fir d'éischt un Hausdéieren ginn, ier se Dauwen an de Mëttelpunkt gesat huet. Souguer an Afrika huet se schonn wonnerschéin Biller vun Elefanten an hirer natierlecher Ëmgéigend geknipst. An Expoen an op Kalenneren huet si Muppen an aner Déieren veréiwegt an déi Fotoen, wou se sech bei den Dauwen op d'Lauer geluecht huet. gëtt et elo am Buch ' 'La fascinante histoire du pigeon de rue'. www.instagram.com/luisamariastagno/

RTL

Nach eng Kéier schlofen an dann ass dee groussen Dag do, wou mir endlech gewuer ginn, wie vun den 7 LSC-Kandidaten an der Rockhal déi fonkelnei LSC-Trophée iwwerreecht kritt a Lëtzebuerg beim ESC zu Basel vertrieden dierf. Nach laang sinn net all Geheimnisser ronderëm d'Show gelëft. Sécher ass awer elo, dass de Loïc Juchem an de Raoul Roos nieft dem Tali am Kaderprogramm och en ESC-Gewënner ukënnegen dierfen. Den Tom Neuwirth, besser bekannt als 'Conchita Wurst' deen 2014 zu Kopenhagen mat 'Rise Like a Phoenix' gewonnen huet, huet dem Fabienne Zwally confirméiert muer 'Part of the Show' ze sinn an allen Kandidaten d'Daimercher ze drécken. www.instagram.com/conchitawurst/