Dës Woch am LIVE! Planet People geet et ëm d'Kachen, Musek a Wäin.

De Charles Biwer ass iwwerzeegt, dass Léift duerch de Mo geet a fënnt, dass ee sech Zäit fir gutt iessen huele soll. De Charly ass kee gewéinleche Kach an huet sech tëscht Kach an Data-Analyst entscheet. Seng Léier huet hien a groussen Haiser zu Paräis gemaach, wou hien och op de Goût komm ass, fir sech hanner d'Kachplacken ze stellen an eppes Besonnesches op den Teller ze zauberen. An elo kënnt hien och gäre bei Iech Heem, fir mat gudde Lëtzebuerger Produiten, wéi zum Beispill Kachkéis, eng Iwwerraschung fir d'Zong ze kreéieren.

De Mike Welter besser bekannt als DJ Mike MC huet sech fir seng 60 en eegene Vinyl-Album geschenkt. 45 Joer geeschtert hie schonn als DJ, Radio-Animateur oder Produzent duerch d'Landschaft a suergt fir Musek, déi Stëmmung mécht. Fir säi ronne Gebuertsdag huet hie sech selwer virun de Mikro getraut an huet Lidder wéi "Den Ale Sak" , "2040" oder "A wat méchs du" opgeholl, wou hie Positioun géint all Form vun Extremismus, ob lénks oder riets hëlt. Awer donieft ass natierlech och Partytime um Disk.

De Pierre Breda huet mat de "Frënn vun de Wëntrenger Pompjeeë" den éischten Télévie-Wäin erausbruecht. Vun der Drauf bis an d'Fläsch hu si an engem Wéngert, dee brooch louch, all Aarbechten iwwerholl. E grousse Moment war natierlech d'Lies, wou och vill Kanner eng Hand ugepaakt hunn. Ufank Januar goufen déi speziell Stëpp mam Télévie-Logo virgestallt an d'Etikett bestaunt an elo gëtt et e gudden Auxerrois "Marque nationale", deen een als Apero drénke kann, awer deen och bei asiatesch Spezialitéiten oder Spargele passt. D'Fläsch ass fir 15 Euro ze kréien an de Benefice geet integral un den Télévie.