Wësst Dir alles iwwert de weiblechen Zyklus?
Mat Maniffen an Evenementer weltwäit gouf e Samschdeg dorop opmierksam gemaach, datt nach ëmmer Inegalitéiten tëscht de Geschlechter bestinn.
D‘Thema Gesondheet ass och dovu betraff. Nach si Froe ronderëm de weibleche Kierper net ganz erfuerscht, oder ginn net genuch debattéiert.
De weiblechen Zyklus ass eent dovun. Och mat den domat verbonnen Hormonen-Schwankungen, déi - wëssenschaftlech bewisen - esouwuel physesch, wéi och psychesch Symptomer ausléisen, kenne sech Net-Betraffener a leider och ze dacks Betraffener selwer nach net ganz aus.
Wéi geet een zu Lëtzebuerg mat dësem komplexen Thema ëm? Mir hu mat dräi Frae geschwat, déi a verschiddenen Formen iwwert de weiblechen Zyklus opklären: D’ Joëlle Barthel, Marketing-Direktesch bei Flo Health, d’Isabelle Buck, Bio-Proff am Kolléisch, an d’Dr. Joy Weyrich, Gynekologin.