De Will Smith huet zesumme mam Tatyana Ali eng Danzzeen aus "The Fresh Prince of Bel-Air" nei opgeholl. De Video geet grad viral.

Fans vun der Sitcom "The Fresh Prince of Bel-Air" erënnere sech bestëmmt nach un déi Zeen. Dem Will seng Cousine Ashley lauschtert an hirer Kummer Walkman an danzt dobäi. De Will kënnt eran an danzt, ouni dass d'Ashley et mierkt, einfach mat.

Déi Zeen hunn déi 2 Acteuren elo, 35 Joer méi spéit, an engem klenge Video nogestallt. Si danzen op d'Lidd "Anxiety" vun der Sängerin Doechii, déi och mat an d'Bild kënnt. Iwwerall op Social Media geet dëse Clip de Moment viral, well sëllege Leit sech e Spaass draus maachen, hir eege Versioun vun där Danzzeen ze filmen.

Dass de Will Smith esou e Video an d'Welt setzt, kéint reng zoufällegerweis och domat ze dinn hunn, dass e Freideg 28. Mäerz säin neien Album "Based on a true Story" wäert erauskommen. Deen éischten zanter 20 Joer. No sengem Eclat bei der Oscar-Zeremonie 2022 kann de Will och all gutt Press gebrauchen, fir sech erëm an ee méi positiivt Liicht ze stellen.