Kinnek Charles huet all Rendez-vouse fir e Freideg ofgesot

© AFP
De brittesche Kinnek war en Donneschdeg wéinst senger Behandlung géint de Kriibs am Spidol.
Bei sengem Traitement géint de Kriibs waren Niewewierkungen opgetrueden, esou datt de Kinnek Charles III. an d'Spidol huet misste kommen, wou hien observéiert konnt ginn. Dat huet de Buckingham-Palais matgedeelt.
Op Urode vu sengen Dokteren huet hien déi fir e Freideg geplangte Rendez-vousen ofgesot, fir seng "unhalend a ganz positiv Reconvalescence ze schützen an ze prioriséieren".
Ëm wéi eng Niewewierkungen et sech gehandelt huet, gouf net matgedeelt. De Monarch wier awer nees am Clarence House zu London, eng vun senge Residenzen.
Hie bleift, wat d'Prognos vu senger Gesondheet ugeet, awer optimistesch.
Wéi eng Aart Kriibs huet de Kinnek Charles?
Am Februar 2023 hat de brittesche Kinnek seng Kriibserkrankung ëffentlech gemaach, déi bei enger Routine-Operatioun un der Prostatt entdeckt gouf. Wéi eng Aart Kriibs den Charles genee huet, ass onkloer. Sécher wier awer, datt et kee Prostatt-Kriibs wier. Zanter senger Diagnos gëtt den Charles ambulant behandelt. Hie war zanterhier awer ëmmer nees op ëffentleche Rendez-vousen, ënnert anerem an Australien a Samoa. Bis ewell wier d'Behandlung wuel ouni Komplikatioune verlaf. D'Resultater wieren encouragéierend, betount de Buckingham-Palais.