Och de Grand-Duché war zu Metz bei der Zeremonie vum Guide Michelin representéiert.

De Guide Michelin huet dëst Joer säin 125. Anniversaire gefeiert an hat sech als Stad fir d'Präisiwwerreechung Metz erausgesicht. 1.000 Stärekäch aus ganz Frankräich ware present.

Zeremonie vum Guide Michelin Frankräich
Och de Grand-Duché war zu Metz bei der Zeremonie vum Guide Michelin representéiert.

D’Organisateuren "Destination Moselle, territoire hôte" hat de Grand-Duché gefrot, fir Partner ze sinn. Am Sënn vun der grenziwwerschreidender Zesummenaarbecht an der Groussregioun waren och de Vatel-Club Lëtzebuerg, d’Hotelschoul EHTL an de Stärekach Cyril Molard zu Metz involvéiert.

Um Dag vun der Zeremonie war de Grand-Duché duerch Minister an d’Hotelschoul vertrueden. Fir d’Zeremonie waren 1.200 Leit am Sall. Wärend dem Cocktail no der Zeremonie gouf et e Lëtzebuerger Stand mat Spezialitéiten a Lëtzebuerger Wäiner.

78 nei Stäre-Restaurante ginn et elo a Frankräich, dorënner siwen Adressen am Grand Est.

D'Lëtzebuerger Restaurante kruten hei nach keng Stären. Déi ginn den 28. Abrëll gewuer, ob sech eppes geännert huet oder net. Da gëtt den neie Guide fir d' Belsch an de Grand-Duché presentéiert. Zu Lëtzebuerg gëtt et aktuell eng Adress mat zwee Stären a siwe Restaurante mat engem Stär.

Den Departement Moselle zielt elo siwen Stärerestauranten: E Méindeg ass nach eng nei Adress dobäi komm mam Yozora vum Charles Coulombeau zu Metz.

RTL

Hei kann een d'Zeremonie nach eng Kéier kucken