"Take Off war béid Extremer vun de Gefiller"
Dat sot den Tim Dupont, nodeems hie bei Take Off 10.000 Euro gewonnen huet.
An der Finall vun Take Off huet den Tim Dupont sech géint de Maxime Buck duerchgesat. Dem Schüler aus dem Lycée Hubert Clement vun Esch seng Rube-Goldberg-Maschinn huet funktionéiert. An domat gewënnt hien de Geldpräis vun 10.000 Euro.
D’Finall war de leschte vun iwwer 30 wëssenschaftlechen Challengen, bei deenen d’Kandidaten och ënner Zäitdrock hu missen e kille Kapp behalen. Am Interview puer Wochen nom Tournage erzielt den Tim vun enger reegelrechter Achterbunn vun de Gefiller. "Take Off war u sech béid Extremer vun der Gefiller. Engersäits war et zum Beispill ëmmer mega cool, wann ee gewonnen huet, en Duell an da weider komm ass. Anerersäits war et och heiansdo wierklech schäiss, well een zum Beispill den éischten Challenge net gewonnen huet an deen zweeten dann och net gewonnen huet a wosst, dass ee warscheinlech am Duell wäert sinn."
Am Reportage erzielt den Tim, wat hie bei Take Off geléiert huet, wat him un der Show esou gutt gefall huet a firwat ee sech onbedéngt soll fir déi drëtt Staffel umellen.
Um RTL Play kënnt Dir nach eemol alleguer d'Episoden nokucken.