Emil Kusmirek, Christoph Kuch, Georges Bock a Carole Bertemes
Dës Woch geet et ëm Danz, Magie, sozial gerecht Investitiounen an eng spirituell Pilgerrees.
Den Emil Kusmirek gouf 2012 beim "Supertalent" entdeckt a konnt sech iwwer eng zweet Plaz freeën. De professionellen Dänzer a Choreograph, deen haut seng eegen Danzstudioen huet an eng renomméiert Dance Agency leet, mellt sech elo zréck beim Supertalent a mécht fir déi aktuell Staffel e Podcast op RTL+. Zesumme mam Meike Buschening-Kaffenberger, déi aus der Sendung "Zwischen Tüll&Tränen" bekannt ass, schwätze si iwwer déi aktuell Talenter, hunn Hannergrondinformatiounen a verroden déi Geschichten, déi soss kee matkritt. Zu senger offizieller Websäit komm Dir hei.

De Christoph Kuch ass e Mentalmagier, deen e Samschdeg beim Optakt vum Supertalent virum Jurypult steet. Bei der 17. Staffel entscheeden den Dieter Bohlen, Bruce Darnell, d'Ekaterina Leonova an den Tony Bauer wie weiderkënnt a wien net. De Christoph steet scho méi wéi 20 Joer op der Bün als Magier, Mentalist, Auteur a Speaker a verzaubert d'Leit. Hie lieft d'Grenze vun der Virstellungskraaft a konnt och schonn d'Jury vun der amerikanescher TV-Show "Penn & Teller: Fool Us" vu sech a sengem Talent begeeschteren. Dem Christoph Kuch säin offiziellen Instagram-Account fannt Dir hei.

De Georges Bock kennt een aus der Finanzwelt an hie weist säi sozialen Engagement och beim Télévie. Bal 30 Joer war hie bei KPMG Lëtzebuerg an ass elo Grënner a CEO vu "Moniflo". Säin Zil ass et, Investéieren ze demokratiséieren, Investitioune fir jidderee bezuelbar, verständlech, transparent an accessibel ze maachen. Aktuell féiert Moniflo eng Spende-Campagne duerch, fir Télévie Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen an d'Fuerschung géint de Kriibs weiderzedreiwen.

D'Carole Bertemes ass op spiritueller Pilgerrees a Japan a besicht an 10 Wochen 88 Tempelen. En Artikel aus dem National Geographic huet si dozou inspiréiert. Bannent enger hallwer Stonn wousst si, dass si eng 1.200 km laang Pilgerrees eleng op der klengster japanescher Insel Shikoku untriede wéilt. Hei ass si elo op d'Hëllef vun de Leit op der Plaz ugewisen a meeschtert hir Aventure an der Hallschecht, sou wéi si sech dat virgestallt hat, mat enger phänomenaler Natur, schéinen Tempelen a villen aussergewéinleche Renconteren. Fannt hei dem Carole Bertemes hire Blog.
