Artist vun 12 Joer huet iwwer 171.000 Follower op Youtube
Sechs Méint huet de jonken Artist gebraucht, fir op iwwer 168.000 Follower op der Videoplattform ze kommen.
Den Ament huet den Arty D iwwer 171.000* Follower op Youtube. Wat der vill net wëssen, de Kënschtler kënnt a wunnt am Grand-Duché. Vu sengen “Subscribers” ass bal d’Hallschent aus Amerika. Zanter engem Joer moolt hien, zanter sechs Méint post hie seng Videoen. 64 Videoen huet hien a sechs Méint schonn online gesat. No véier Méint huet hien seng 100.000 Follower gefeiert. Ma den 12 Joer Jonken Dennis kritt een ni ze gesinn am World Wide Web.
Seng Identitéit kennt bis elo keen. Mir hunn hien awer treffen dierfen a verroden iech, wie sech dohannert verstoppt, wéi alles ugefaangen huet a wat hien herno a sengem Liewe maache wëllt. Eent ass awer sécher, seng Passioun huet hien duerch Zoufall entdeckt, well virdrun hat hien ni e Stëft an der Hand. Eng aussergewéinlech Geschicht, déi hien eis exklusiv verréit.
*Mir hunn d'Zuel vun de Follower op den aktuelle Stand (23.4.25 9h30) gesat.