121,88 Meter laang war de Kuch, dee franséisch Patissieren e Mëttwoch net wäit ewech vu Paräis gemaach hunn.

Domat léise si Italien of, dat de Rekord bis ewell hat. D'Iddi dofir hat de Youssef El Gatou, dee fir d'Realisatioun vu sengem séisse Projet 20 Chef-Patissieren zesummegetrommelt, a sech domat e Kandheetsdram erfëllt huet. Net manner wéi 1,2 Tonne war dat gutt Stéck um Enn schwéier a ronn 4.000 Eeër souwéi e Camion voll Zocker a Ram goufe verschafft. A fir dass dat gutt Stéck och laang genuch frësch bleift, war déi ganz Aktioun och an enger Schlittschongshal zu Argenteuil bei Paräis.  
Mat 121,8 Meter war dëse Kuch och méi laang wéi dee vun Italien. D'Land hat zanter 2019 mat engem Äerdbierskuch vun 100,48 Meter bis ewell de Weltrekord. A Frankräich gouf et och Äerdbierskuch. 350 Kilogramm vum Uebst goufe verschafft, grad ewéi 150 Kilogramm Zocker a 415 Kilogramm Ram.
 
Fir de Rekord ze briechen, huet de Kuch den Experte vum Guiness-Buch no missen op d'mannst 8 Zentimeter breet an och héich sinn. Et war awer en anere Phenomen, deen et de Patissiere schwéier gemaach huet. Duerch de Fait, dass d'Aktioun an enger Äishal war, krut een net alles sou optimal verschafft. Zum Beispill huet een d'Schossele fir d'Schlagsan misse mat engem Gasbrenner opwiermen.
 
A wat mécht een um Enn mat esou vill Kuch? Richteg, et verdeelt een en. D'Awunner an all d'Leit, déi sech d'Weltrekord-Bak-Aktioun wollten ukucken, kruten ee Stéck mat Heem.