Famill benennt Puppelchen nom Poopst François
Hie war emol nach net gebuer, wéi hien e Seegen an e Rousekranz vum Poopst François wärend der Visitt zu Lëtzebuerg krut.
Am Alter vun nëmmen véier Méint huet den Dinis Francesco eng eenzegaarteg Verbindung mam fréiere Poopst - e Moment, dee seng Famill fir ëmmer markéiert huet a fir den Numm inspiréiert huet, dee si fir hie gewielt hunn.
Geschitt ass dat Ganzt de 26. September zejoer wärend der Visitt vum Poopst Franziskus zu Lëtzebuerg. Just e puer Schrëtt vun der Kathedral Notre Dame ewech huet hien e spontane Stopp am Café Gruppetto gemaach, fir e séieren Espresso ze genéissen. Wat koum, war en Treffen, dat kee vun de Patrone vum Café a besonnesch eng jonk Famill vergiesse wäert.
"Ech hunn zréckgekuckt a bemol war hien do - de Poopst, direkt virun eis", erënnert sech den André Ribeiro. "Hien huet gelaacht, souz a sengem Rollstull, a sot just: 'Buongiorno'. Ech war erstarrt. Ech konnt kee Wuert soen. Et war iwwerwältegend, seng Presenz hat sou vill Energie."
Den André war mat senger Fra Gisela Duro, déi deemools schwanger war, a senger Mamm Maria Dos Anjos am Café. Wat als en normalen Dag ugefaangen huet, huet sech an eppes Aussergewéinleches verwandelt, wéi d'Famill op eemol hautno beim Poopst war a sech mat him dee selwechte Raum gedeelt huet, wärend hie sech roueg säi Kaffi schmaache gelooss huet.
Awer d'Begeeschterung ass iwwer e gemeinsame Moment an engem Raum erausgaangen - et gouf e Seegen.
"Déi éischt Saach, déi hie gemaach huet, wéi ech ukomm sinn, war seng Hand op mäi Bauch ze leeën an de Puppelchen ze seenen", seet d'Gisela. "Vun deem Moment un hunn ech en déiwe Fridde gespuert. Et war wéi en Zeechen - datt alles an der Rei wier mat der Schwangerschaft an der Gebuert."
An der Zäit vun nëmme fënnef Minutten huet de Poopst Franziskus jidderengem vun hinnen e Rousekranz offréiert - ee fir den André, ee fir d'Gisela, ee fir d'Maria an ee speziell fir hiert ongebuerent Kand.
"Ech droen en iwwerall", seet den André an zitt de Rousekranz ënnert sengem Hiem eraus. "Et ass eng Zort Glécksbrénger ginn."
De Rousekranz, dee fir de Puppelche geduecht war, koum an enger klenger Këscht, mat enger Instruktioun vum Poopst: "Maacht se net op, bis de Puppelche gebuer ass." D'Famill huet dës Demande respektéiert an huet d'Këscht eréischt den 21. Dezember opgemaach, wéi den Dinis op d'Welt komm ass. De Rousekranz hu si bei d'Kand geluecht an och haut ass en ëmmer dobäi a läit ni wäit ewech.
De Moment hat esou en Impakt, datt, wéi et zum Choix vum Numm koum, d'Entscheedung sech kloer ugefillt huet.
"Mir hunn hien Dinis Francesco genannt, zu Éiere vum Poopst François", seet d'Gisela. Mat engem Keime betount si nach: "An et gëtt nach eppes - de Poopst ass den 21. Abrëll gestuerwen, deen Dag, op deem den Dinis véier Méint al ginn ass..."
Am Oktober, e puer Wochen nom Treffen, huet d'Famill d'Hellegtum vu Fátima a Portugal besicht. Wärend si do waren, hu si e Bréif un de Vatikan geschéckt, zesumme mat enger Foto, op där hire kuerze Moment mam Poopst festgehalen ass, fir hir Hoffnung auszedrécken, enges Daags Roum besichen ze kënnen - fir de klengen Dinis perséinlech virzestellen.
Et sollt awer net zu enger zweeter Entrevue kommen. Ma fir den André an d'Gisela war déi eenzeg Begéinung mam Poopst méi wéi genuch, fir an hirem Liewen eng dauerhaft Impressioun ze hannerloossen.
"Ech froe mech heiansdo - firwat mir? Firwat hu mir dee Moment kritt? War et Chance? War et Schicksal?", seet den André. "Vläicht wäert ech et ni gewuer ginn. Mä ech weess, datt mir ëmmer dankbar sinn - him, an dem Universum - fir dee Seegen, a fir de gréisste Kaddo vun allem: eise klenge Puppelchen."