E Méindeg den Owend hu sech déi bekanntste Promien nees op der traditioneller Met Gala zesummefonnt, fir hir aussergewéinlech Outfitten ze presentéieren.

All Joer organiséiert d'Cheffin vun der Moude-Zäitschrëft Vogue, d'Anna Wintour, déi traditionell Met Gala am Metropolitan Museum of Art zu New York. Dës Editioun stoung ënnert dem Motto "Superfine: Tailoring Black Style". Den Dresscode war deemno "Tailored for You", wou de Fokus op klassesch Häre-Moud an d'Geschicht vum sougenannte "Black Dandyism" louch. Dat ass e Kleedungsstil aus dem fréien 20. Joerhonnert, mat deem Afro-Amerikaner, déi bis dohin ënnerdréckt goufen, der Elitt aus den USA mat moudesche Mëttel eng Aart Resistenz weise wollten. D'Kleeder sollte bei dësem Stil fir sech schwätzen an och bewosst extravagant sinn, fir opzefalen.

Dat hu sech d'Promien um bloen Teppech vun der Met Gala, wéi ee gesinn huet, och ze Häerze geholl.