De Prënz Charles huet säi 5. Gebuertsdag gefeiert
Den éischte Bouf vum Ierfgroussherzog Guillaume an der Prinzessin Stéphanie koum den 10. Mee 2020 an der Maternité Grand-Duchesse Charlotte op d'Welt.
De Prënz Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume ass als Fils vum Ierfgroussherzog den Zweeten an der Lëtzebuerger Trounfolleg. Esoubal säi Papp am Oktober zum Grand-Duc ernannt gëtt, wäert de jonke Prënz op d'Plaz 1 vun der Trounfolleg noréckelen.
Schonn haut ass de klenge Prënz ëmmer nees bei ëffentlechen Optrëtter vun der Groussherzoglecher Koppel mat dobäi, ënner anerem zu Steesel, wou am Mäerz d'Grondschoul, déi den Numm vum Prënz kritt huet, ageweit gouf.
De zweete Fils vum Ierfgroussherzog Guillaume an der Prinzessin Stéphanie de Prënz François hat am Mäerz zwee Joer kritt.