Bekannte franséischen Acteur
Dany Boon gouf no Accident an d'Spidol zu Metz ageliwwert

© FRANCOIS LO PRESTI / AFP
Wéi de Républicain Lorrain mellt, koum de Komiker a Schauspiller no engem Autosaccident an d'Spidol.
Wéi elo réischt bekannt gouf, ass de franséische Komiker an Acteur Dany Boon no engem Autosaccident schonn e Méindeg op Metz an d'Klinik komm. Den Dany Boon war no enger Visitt am Europapark, op der Autobunn A4 an der Géigend vu Boulay an een anere gerannt. Hie wier eleng am Auto gewiescht an vun de Rettungsequippen fir eng Kontroll an d'Klinik bruecht ginn. All d'Persounen, déi an den Accident verwéckelt waren, wieren nëmme liicht blesséiert ginn, heescht et.
Am meeschte gelies