De Poopst Leo XIV. huet Succès op Instagram

© Photo by Tiziana FABI / AFP
Et sinn Zuelen, do ginn all d'Influencer an déi, déi et gäre wieren, neidesch. Mat grad emol engem Post huet den Account vum Poopst Millioune vu Follower.
Millioune vu Katholicken hunn déi lescht Woch drop gewaart: Wie gëtt den neie Poopst? A wéi dunn en Donneschdeg de 15. Mee géint 17.50 Auer wäissen Damp aus dem Kamäin vun de Sixtinescher Kapell koum, huet gefillt all Noriichtechaîne op der Welt live an de Vatikan geschalt. De Poopst interesséiert halt, de Poopst huet Succès. Dat och an de soziale Medien. A mam Leo huet de Vatikan e Poopst, deen och scho viru senger Amtszäit op Twitter, haut X, perséinlech aktiv war.
Instagram: 1 Post, knapp 7,4 Millioune Follower
E puer Deeg no senger Wiel zum Poopst huet de Leo XIV. och en Instagram-Account opgemaach. "May 2025" kann een erausfannen, wann een nosicht, wéini den Account "@Pontifex Pope Leo XIV" kreéiert gouf. An awer: An de Medien ass ze liesen, datt an den éischte Stonnen, wéi den Account existéiert huet, dausende vu Follower an der Minutt bäikoumen. De 14. Mee, also kuerz nom opmaache vum Account, géint 14.30 Auer steet de Compteur bei 7,6 Millioune* Leit, déi den Account abonéiert hunn. Selwer abonéiert ass de Pontifex grad emol bei 33 aner Accounts, vill dovun, wéi "clicktoprayes" oder "bibliotecaapostolicacaticana", hu selwer eppes mat der Kierch oder dem Vatikan ze dinn.
An dobäi gëtt et op der Säit vum Poopst zum Zäitpunkt, wou dësen Artikel geschriwwe gouf, just ee Post vum 13. Mee géint 16.30 Auer. Et ass eng Usammlung vu Fotoen no senger Wiel an aus den éischten Deeg vu sengem Pontifikat. Als Text steet dëst dobäi:
"Fridde mat iech all! Dëst ass déi éischt Begréissung, déi vum Operstane Christus, dem Gudde Schéifer, geschwat gouf. Ech géif gär, datt dës Begréissung vum Fridden an ären Häerzer, an äre Familljen, an ënner all de Leit, egal wou se sinn, an all Natioun an op der ganzer Welt, erëmschaalt."
Wéi et aus dem Vatikan heescht, wier dëst deen eenzegen Instagram-Account vum Poopst bleiwen.
Dem verstuerwene Poopst Franziskus säin Account "@franciscus" wäert als Archiv bestoe bleiwen. Dat huet de Vatikan confirméiert. Dësen huet iwwregens 1.947 Post an 10,4 Millioune Follower.
X: Al Nimm fir den neie Poopst, nei Nimm fir den alen
D'X-Account "@pontifex", déi nach als "Twitter-Account" ënnert dem Benedikt XVI. opgemaach an ënnert dem Franziskus virugefouert goufen, wäerten och vum neie Poopst Leo XIV. weidergefouert ginn. Et ginn aacht verschidden X-Accounte vum Poopst, dat an aacht verschiddene Sproochen: Däitsch, Franséisch, Polnesch, Spuenesch, Portugisesch, Englesch, Arabesch a Latäin. All Sprooch huet säin eegenen Account, fir Däitschland wier dat zum Beispill den "@Pontifex_de"
D'Tweets vu Leo sengem Virgänger bleiwen op enger dofir virgesinner Säit um Site vum Vatikan bestoe respektiv ginn änlech wéi bei den Ex-US-Presidenten an eng "Archiv-Säit" ëmgebaut ginn. D'Nimm vun de Konte ginn elo un de Leo XIV. iwwer, dat awer wuel ouni Follower. E Mëttwoch géint 14.30 Auer hat d'Haaptsäit nämlech just eppes iwwer 700 abonéiert Persounen, beim däitsche Compte waren et der grad emol 5.
Ënnert dem Franziskus haten d'Accounten ëmmerhin 52 Milliounen Abonnenten, wann een d'Sproochen all zesummerechent. Déi ginn op d'Archivkonten iwwer.
De Vatikan a Social Media: Ënnert dem Benedikt ugefaangen, vum Franziskus ausgebaut
Et war iwwregens duerch de Poopst Benedikt, datt een ugefaangen huet, sech am Vatikan mat de soziale Medien ze beschäftegen. Den 12. Dezember 2012 huet déi éischte Kéier offiziell een ënnert dem Numm vum Poopst eppes op Twitter gesat. Den 19. Mäerz 2016 gouf et duerch de Franziskus dunn den éischte Post vun engem Poopst op Instagram.
Iwwerhaapt war de leschte Poopst an de soziale Medien ganz aktiv: Ronn 50.000 Post gouf et ënnert dem Franziskus op Twitter an Instagram zesummen. A wärend dem Pandemie-Joer 2020 goufe seng Saachen iwwer 27 Milliarde Mol gekuckt, huet den "National Catholic Reporter" ausgerechent.
*An där Zäit, wou dësen Artikel geschriwwe gouf, sinn d'Zuelen um Instagram vu 7,4 op 7,6 Millioune geklommen.