Dës Woch geet et ëm d'Gënzefest, e Bicherwuerm, Selbstverdeedegung an e Gaming Festival.

D'Stefania Nickts war 2016 Gënzekinnigin a freet sech elo op déi 75t Editioun vum Gënzefest. 'Wellkomm an der Geenzestad Wooltz' heescht et op der Affiche a wéi all Joer weisen vill Gruppen a Museken hiert Talent mat faarwege Kostümer an schéin dekoréierten Ween. Dëst Joer iwwerhëlt d'Yara Stemper d'Kroun vun der Gënzekinnigin vum Amy Scheer. 36 Gruppen hu sech fir Päischtméindeg ugemellt an de Gënz, déi giel Blumm mat grousser Traditioun, dierf natierlech de ganze Weekend bei kengem Festakt feelen.

RTL

De Jérôme Jaminet ass e Bicherwuerm a feiert haut den 150ten Gebuertsdag vum Thomas Mann. Hien huet zu Tréier Germanistik a Philosophie studéiert. Hien sëtzt als Jurysmember a verschiddenen Gremien wéi zB beim Prix Laurence oder dem Batty Weber Präis. Hien schreift awer och selwer an diskutéiert leidenschaftlech gären iwwer Bicher an hier Auteuren. Groussen Thema dëst Joer den Thomas Mann, och an enger Spezialeditioun vun 'Nos Cahiers': Mann in Luxemburg, an bei 'Literatur hoch 3' den 12. Juni an der BNL.

RTL

D'Eugenia Angioni ass Psychotherapeutin a preparéiert Leit an der Ekipp op Self-Defense. D'Konzept vun 'Fit2Elevate' baséiert op der Realitéit vum Terrain mat enger theoretescher an enger praktescher Approche. De Problem erkennen an d'Brisanz erofschrauwen ouni een a Gefor ze bréngen. D'Eugenia ass Expertin bei Krichstrauma an ass kompetitiv Athletin am brasilianeschen Jiu Jitsu.

RTL

De Luka Ivan Remo Trenz ass Kommentator dëse Samschdeg beim 'PEM Gaming Festival', engem Salon mat Videospiller, deen 100% gratis ass. Vun 10 Auer u kann een am Forum Geesseknäppchen allméiglech Spiller spillen. No 6 Saisonen E-sport soll de Programm eng nei Nues kréien an ass op fir jiddereen ënner Frënn oder an der Famill. Um Programm, d'Finallen wou déi bescht sech matenaner moossen, et kann een op neie Konsole spillen a vill interessant Präisser gewannen.

RTL